From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Luxlait, déi gréisst Molkerei vu Lëtzebuerg, verkeeft ënner hirer Mark mam selwechten Numm Mëllech a Mëllechprodukter. Et ass eng Genossenschaftsmolkerei, déi deene Bauere gehéiert, déi duer liwweren.
Luxlait Association Agricole | |
---|---|
Produktioun a Verwaltungssëtz um Rouscht | |
Typ | Genossenschaft |
Slogan |
Qualitéit vun heiheem 130 Joer un ärer Säit |
Grënnungsdatum | 1894 |
Sëtz |
Am Seif L-7759 Rouscht/Biissen Lëtzebuerg |
Generaldirekter | Claude Steinmetz (Direkter) |
Branche | Mëllechindustrie |
RCS | H4 |
Homepage | https://www.luxlait.lu/ |
D'Luxlait gouf 1894 als privat Gesellschaft ënner dem Numm "Central-Molkerei" mat engem Kapital vum 60.000 Lëtzebuerger Frang gegrënnt. Si ass zu enger Aktiegesellschaft gewuess an huet sech an "Zentralmolkerei" ëmbenannt.
Am Zweete Weltkrich gouf et eng Zwangsëmgestaltung vun der Lëtzebuerger Mëllechwirtschaft, an doduerch hunn d'Aktivitéite vun der Molkerei e staarken Opschwong kritt. D'Quantitéit vu Mëllech, déi all Dag geliwwert gouf, goung vun 2.000 Liter um Enn vun den drësseger Joren erop op 40.000 Liter um Enn vum Zweete Weltkrich.
1946 gouf de Betrib an eng Agrargenossenschaft ëmgewandelt an op "Molkereigenossenschaft Luxemburg - Laiterie de Luxembourg" ëmbenannt.
An de Joren nom Krich goung d'Zuel vun de Lëtzebuerger Molkereie staark erof: vun den 150, déi et 1948 nach gouf, blouwen der 12 Joer méi spéit nach just 5.
Den 2. Oktober 1978 hunn déi dräi lescht Lëtzebuerger Molkereigenossenschaften Celula, Laduno a Luxlait ënner dem Numm "LUXLAIT association agricole" fusionéiert.
2005 goufen an der Molkerei 118.479.256 kg Mëllech vu 545 Produzente verschafft. 248 Leit schaffen op der Luxlait. Den Ëmsaz 2005 war 61,7 Milliounen Euro.
60 % vum Ëmsaz gëtt baussent Lëtzebuerg gemaach, an éischter Linn an der Belsch, mä och soss doruechter mat Nischeproduiten, z. B. mat der Bottermëllech a Frankräich, wou Luxlait Leader an deem Segment ass, mat Tierkeschem Jugurt an Däitschland (deen ënner engem anere Label verkaf gëtt), asw.[1]
De Betrib produzéiert zu Rouscht (Luxlait) an zu Angelduerf (Laduno).
Commons: Luxlait – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.