1913: Fir géint d'Politik vun der Rassentrennung an der Südafrikanescher Unioun ze protestéieren, passéieren, ënner der Féierung vum Mahatma Gandhi, 2.200 Awanderer vun indeschen Originnen déi fir si gespaarte Grenz tëscht de Provënzen Natal an Transvaal.
1975: Ongeféier 350.000 Marokkaner besetzen déi spuenesch Kolonie West-Sahara fir de marokkaneschen Usproch op d'Regioun ze manifestéieren.
Amerika
1813: No der Rebellioun vun indianeschen Onofhängegkeetskämpfer gëtt d'Onofhängegkeet vu Mexiko ausgeruff. D'Revolutioun brécht 1815 zesummen.
Arabesch Welt
1979: Den iranesche Premier Mehdi Basargan gëtt op, grad sou wéi all seng Ministeren, an dat fir dem Revolutiounsrot Plaz ze maachen.
1949: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Charleroi 2:3 géint Belsch. Déi zwéi Goler fir d'Lëtzebuerger huet de François Muller geschoss.[2]
1965: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Marseille, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1966, 1:4 géint Frankräich. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Louis Pilot geschoss.[3]