Dës Säit befaasst sech mam Joer 2022.
D'Joer 2022 huet op engem Samschdeg ungefaangen. Et war kee Schaltjoer .
Manifestatioun géint de Krich an der Ukrain, 5. Mäerz
Europa
30. Januar : Bei virgezunnene Parlamentswalen a Portugal gewënnt dem Premierminister António Costa seng Sozialistesch Partei mat 117 vun 230 Sëtz d'absolutt Majoritéit.
13. Februar : De Frank-Walter Steinmeier gëtt zum däitsche Bundespresident erëmgewielt.
24. Februar : Russland fänkt mat engem Ugrëffskrich op d'Ukrain un, nodeems et 2 Deeg virdrun d'Onofhängegkeet vun de vu russesche Rebelle kontrolléierte sougenannte "Volleksrepubliken" Luhansk an Donetsk eesäiteg unerkannt huet. Iwwer 4 Milliounen Ukrainer sinn an d'westlech Nopeschlänner an aner EU Staate geflücht; weltwäit kënnt et zu Protester, a vu Säite vu ville Länner zu Sanktioune géint Russland an Hëllefsliwwerungen (zivil wéi militäresch) un d'Ukrain. Nodeems Russland am Ufank séier a vill Terrain eruewere konnt, gëtt et an de Wochen a Méint dono nees zeréckgeworf, an d'Front huet sech am Summer am Süden an am Oste quasi stabiliséiert. Russland ass dunn dozou iwwergaangen, zivil Infrastrukturen (haaptsächlech Energie- a Waaserversuergung) uechtert d'ganzt Land mat Rakéiten z'attackéieren. Bis zum Joresenn gëtt et wäit iwwer Honnertdausend Doudeger op béide Säiten, dorënner vill ukrainesch zivil Affer.
0 3. Abrëll : Dem aktuelle Premierminister Viktor Orbán seng Fidesz-Partei gewënnt bei de Parlamentswalen an Ungarn , mat 135 vun den 199 Sëtz, déi absolut Majoritéit.
0 3. Abrëll: Den Aleksandar Vučić gëtt a Serbien bei de Presidentschaftswalen erëmgewielt. Bei de Parlamentswalen dee selwechten Dag bleift seng Walallianz stäerkst Partei, verléiert awer hir absolut Majoritéit.
24. Abrëll : Beim zweeten Tour vun de Presidentewalen am Frankräich gewënnt den amtéierende President Emmanuel Macron géint d'Marine Le Pen .
10. Mee : D'Katalin Novák gëtt zu der neier Presidentin vun Ungarn gewielt.
16. Mee : D'Elisabeth Borne gëtt zu der neier Premierministesch a Frankräich ernannt.
25. Mee : No de Parlamentswale vum 24. Abrëll a Slowenien gëtt de Robert Golob vun der Fräiheetsbeweegung (GS) neie Premierminister.
19. Juni : Beim 2. Tour vun de Parlamentswalen a Frankräich verléiert Ensemble pour la majorité présidentielle déi absolut Majoritéit a kënnt op 245 vu 577 Sëtz, dNouvelle Union Populaire écologique et sociale kritt der 131, de Rassemblement National der 89 an d Union de Droite et du Centre der 64.
23. Juni : Um Europäesche Conseil zu Bréissel kréien d'Ukrain a Moldawien de Status vun engem Kandidat fir der EU bäizetrieden.
0 5. September : Nom Boris Johnson sengem Récktrëtt gëtt d'Liz Truss als nei Presidentin vun der Conservative Party an domat als nei Premierministesch vum Vereenegte Kinnekräich gewielt.
0 8. September : Nom Doud vu senger Mamm, der Kinnigin Elisabeth II. , gëtt den Charles III. Kinnek vum Vereenegte Kinnekräich.
0 9. Oktober : Den Alexander Van der Bellen gëtt am éischten Tour vun de Presidentschaftswalen an Éisträich erëmgewielt.
17. Oktober : No de Parlamentswale vum 11. September a Schweden, bei deenen d'Schwedendemokraten, déi Moderat, d'Chrëschtdemokraten an déi Liberal eng Majoritéit vu Sëtz am Riksdag gewonnen hunn, gëtt den Ulf Kristersson neie Premiermnister.
22. Oktober : No de Parlamanetswale vum 25. September an Italien, gëtt d'Giorgia Meloni (Fratelli d'Italia ) Premiermnistesch vun enger rietspopulistescher Regierung.
25. Oktober : No der Liz Truss hirem Récktrëtt gëtt de Rishi Sunak als neie Premierminister vum Vereenegte Kinnekräich ernannt, nodeems en een Dag éischter neie President vun der Conservative Party gouf.
1. November : Bei de virgezunnene Parlamentswalen an Dänemark kréien d'Sozialdemokrate vun der Mette Frederiksen déi meescht Stëmmen, an d'Parteien am lénke Spektrum eng Majoritéit.
13. November : D'Nataša Pirc Musar gëtt zur Presidentin vun der Republik Slowenien gewielt.
17. Dezember : De Leo Varadkar iwwerhëlt fir déi zweet Hallschecht vun der Legislaturperiod vum Micheál Martin d'Amt vum Premierminister an Irland .
Asien
Arabesch Welt an Noen Osten
Logo Esch 2022
Kino
Oscar fir de beschte Film: Coda vun der Sian Heder .
César fir de beschte Film: Illusions perdues vum Xavier Giannol .
Gëlle Palm fir Triangle of Sadness vm Ruben Östlund .
0 1. Januar : D'Regional Comprehensive Economic Partnership , dat gréisst Fräihandelsofkommes vun der Welt, trëtt a Kraaft.
SMACS J0723.3-7327 am Webb's First Deep Field , der éischter publizéierter Opnam vum James-Webb-Weltraumteleskop .
De Summer 2022 war zu Lëtzebuerg deen dréchensten, sonnegsten an zweetwäermsten zanter dem Ufank vun den Opzeechnungen (1947).
18. Mäerz : D'Çanakkale-1915-Bréck an der Tierkei, déi Hänkbréck mat der gréisster Spanwäit op der Welt, gëtt ageweit.
11. /12. Juli : Den James-Webb-Weltraumteleskop schéckt seng éischt Biller op d'Äerd.
30. November : OpenAI mécht ChatGPT , op Basis vun GPT-3.5, gratis fir d'Ëffentlechkeet zougänglech,
0 4. Januar : Mario Castegnaro , lëtzebuergesche Gewerkschaftler a Politiker.
0 6. Januar : Peter Bogdanovich , US-amerikanesche Filmregisseur.
0 6. Januar: Sidney Poitier , US-amerikanesche Schauspiller.
11. Januar : David Sassoli , italieenesche Politiker.
12. Januar : Guy W. Stoos , lëtzebuergesche Graphiker, Karikaturist a Politiker.
12. Januar: Victor Fenigstein , schwäizeresch-lëtzebuergesche Pianist a Komponist.
12. Januar: Joseph Zangerle , lëtzebuergesche Foussballspiller.
13. Januar : Jean-Jacques Beineix , franséische Filmregisseur.
14. Januar : Ricardo Bofill , spueneschen Architekt.
15. Januar : Sophie Proost , lëtzebuergesch Theaterschauspillerin.
16. Januar : Ibrahim Boubacar Keïta , malesche Politiker.
16. Januar: Ota Nalezinek , tschechesch-lëtzebuergesche Moler a Graphiker.
17. Januar : Yvette Mimieux , US-amerikanesch Schauspillerin.
17. Januar: Michel Subor , franséische Schauspiller.
19. Januar : Hardy Krüger , däitsche Schauspiller.
19. Januar: Gaspard Ulliel , franséische Schauspiller.
20. Januar : Meat Loaf , US-amerikanesche Rocksänger.
23. Januar : Serge Korber , franséische Filmregisseur.
23. Januar: Jean-Claude Mézières , franséische Comiczeechner.
25. Januar : Etchika Choureau , franséisch Schauspillerin.
26. Januar : Ernst Stankovski , éisträichesche Schauspiller.
0 2. Februar : Monica Vitti , italieenesch Schauspillerin.
0 8. Februar : Luc Montagnier , franséische Virolog.
0 9. Februar : André Wilms , franséische Schauspiller.
12. Februar : Ivan Reitman , kanadesche Regisseur
19. Februar : Jacques Poos , lëtzebuergesche Politiker.
22. Februar : Claudine Junck , lëtzebuergesch Diplombiologin.
23. Februar : Henri Kugener , lëtzebuergeschen Dokter, Medezinhistoriker an Auteur.
24. Februar : Sally Kellerman , US-amerikanesch Schauspillerin.
27. Februar : Veronica Carlson , englesch Schauspillerin.
0 9. Mäerz : Jean Bichel , lëtzebuergesche Sculpteur.
13. Mäerz : William Hurt , US-amerikanesche Schauspiller.
15. Mäerz : Ann Savo , finnesch Schauspillerin.
21. Mäerz : Eva-Ingeborg Scholz , däitsch Schauspillerin.
23. Mäerz : Madeleine Albright , US-amerikanesch Politikerin.
25. Mäerz : Taylor Hawkins , US-amerikanesche Museker.
0 2. Abrëll : Paul Lenert , lëtzebuergesche Journalist a Manager.
0 5. Abrëll : Sidney Altman , kanadesch-US-amerikanesche Molekularbiolog.
0 5. Abrëll: Nehemiah Persoff , US-amerikanesche Schauspiller.
0 7. Abrëll : David McKee , brittesche Kannerbuchauteur an Illustrateur.
0 9. Abrëll : Michael Degen , däitsch-israeelesche Schauspiller.
13. Abrëll : Michel Bouquet , franséische Schauspiller.
17. Abrëll : Catherine Spaak , franséisch Schauspillerin a Moderatorin.
21. Abrëll : Renate Holm , däitsch Operesängerin a Schauspillerin.
21. Abrëll: Jacques Perrin , franséische Schauspiller a Filmproduzent.
23. Abrëll : Arno , belsche Museker.
30. Abrëll : André Elvinger , lëtzebuergesche Jurist.
0 8. Mee : Fred Ward , US-amerikanesche Schauspiller.
0 8. Mee: Dennis Waterman , englesche Schauspiller.
17. Mee : Édouard Kutter , lëtzebuergesche Fotograf, Editeur.
17. Mee: Vangelis , griichesche Museker.
23. Mee : Anita Gradin , schweedesch Politikerin.
26. Mee : Andrew Fletcher , brittesche Museker.
26. Mee: Ray Liotta , US-amerikanesche Schauspiller.
27. Mee : Nicole Castan , franséisch Kënschtlerin.
28. Mee : Adolphe Deville , lëtzebuergesche Moler.
28. Mee: Bujar Nishani , albanesche Politiker.
0 8. Juni : Carmen Welter-Jander , lëtzebuergesch Sopranistin a Gesankspedagogin.
17. Juni : Jean-Louis Trintignant , franséische Schauspiller.
28. Juni : Martin Bangemann , däitsche Politiker.
0 1. Juli : Maurizio Pradeaux , italieenesche Filmregisseur.
0 2. Juli : Peter Brook , engleschen Auteur, Film- an Theaterregisseur.
0 2. Juli: Edward Meeks , US-amerikanesche Schauspiller.
0 4. Juli : Hubert Erang , lëtzebuergeschen Turner an Olympionik.
0 6. Juli : James Caan , US-amerikanesche Schauspiller.
0 8. Juli : Shinzō Abe , japanesche Politiker.
0 8. Juli: José Eduardo dos Santos , angolanesche Politiker.
12. Juli : Bramwell Tovey , britteschen Dirigent a Komponist.
15. Juli : Albert Nerini , lëtzebuergesche Schlagersänger.
18. Juli : Claes Oldenburg , schweedesch-US-amerikanesche Kënschtler.
19. Juli : André Link , lëtzebuergeschen Auteur an Dolmetscher.
21. Juli : Uwe Seeler , däitsche Foussballspiller.
23. Juli : Bob Rafelson , US-amerikanesche Filmregisseur.
24. Juli : David Warner , englesche Schauspiller.
25. Juli : Paul Sorvino , US-amerikanesche Schauspiller.
27. Juli : Jean Bobet , franséische Vëlossportler.
27. Juli: Bernard Cribbins , englesche Schauspiller.
30. Juli : Nichelle Nichols , US-amerikanesch Schauspillerin.
31. Juli: John Steiner , brittesche Schauspiller.
31. Juli : Fidel Ramos , philippinnesche Militär a Politiker
31. Juli: John Steiner , brittesche Schauspiller
0 5. August : Clu Gulager , US-amerikanesche Schauspiller.
0 5. August: Issey Miyake , japanesche Moudendesigner.
0 8. August : Olivia Newton-John , brittesch-australesch Sängerin a Schauspillerin.
11. August : Anne Heche , US-amerikanesch Schauspillerin.
11. August: Jean-Jacques Sempé , franséischen Zeechner.
12. August : Wolfgang Petersen , däitsche Filmregisseur.
13. August : Josy Mosar , lëtzebuergesche Foussballspiller.
16. August : Eva-Maria Hagen , däitsch Schauspillerin.
17. August : Robert Thillen , lëtzebuergesche Basketballspiller an -trainer.
25. August : Herman Van Springel , belsche Vëlossportler.
30. August : Michail Gorbatschow , sowjetesche resp. russesche Politiker.
0 2. September : Frank Drake , US-amerikaneschen Astronom an Astrophysiker.
0 3. September : Conny Scheel , lëtzebuergesche Fotograf, Schauspiller an Theaterregisseur.
0 4. September : Robert Bintz , lëtzebuergesche Vëlossportler.
0 6. September : Marie-Thérèse Boever , lëtzebuergesch Politikerin
0 6. September: Just Jaeckin , franséische Filmregisseur a Fotograf.
0 8. September : Elizabeth II. , brittesch Kinnigin.
11. September : Javier Marías , spuenesche Schrëftsteller.
11. September: Alain Tanner , Schwäizer Filmregisseur.
12. September : Ramsey Lewis , US-amerikaneschen Jazzpianist.
13. September : Jean-Luc Godard , franséische Filmregisseur.
14. September : Irene Papas , griichesch Schauspillerin.
14. September: Henry Silva , US-amerikanesche Schauspiller.
15. September : Francescantonio Nolè , italieenesche Geeschtlechen.
16. September : Emile Seiler , lëtzebuergesche kathoulesche Geeschtlechen, Enseignant, Historiker an Auteur.
20. September : Sergei Witauto Puskepalis , russesche Schauspiller.
23. September : Louise Fletcher , US-amerikanesch Schauspillerin.
28. September : Coolio , US-amerikanesche Rapper.
29. September : Paul Veyne , franséischen Historiker.
0 4. Oktober : Günter Lamprecht , däitsche Schauspiller.
0 9. Oktober : Bruno Latour , franséische Soziolog a Philosoph.
11. Oktober : Angela Lansbury , brittesch Schauspillerin.
12. Oktober : Abbes Hever , lëtzebuergesche Graphiker.
14. Oktober : Robbie Coltrane , brittesche Schauspiller.
14. Oktober: Ralf Wolter , däitsche Schauspiller.
20. Oktober : Joseph Kinsch , lëtzebuergeschen Industriellen.
28. Oktober : Jerry Lee Lewis , US-amerikanesche Rocksänger a Pianist.
0 5. November : Valère Gustin , belsche Moler.
0 7. November : Leslie Phillips , englesche Schauspiller.
0 8. November : Pierre Kartner , hollännesche Komponist a Sänger.
14. November : Johanna Lüttge , (ost)däitsch Athleetin.
24. November : Hans Magnus Enzensberger , däitsche Schrëftsteller.
25. November : Irene Cara , US-amerikanesch Sängerin a Schauspillerin.
30. November : Christiane Hörbiger , éisträichesch Schauspillerin.
30. November: Christine McVie , brittesch Sängerin.
30. November: Davide Rebellin , italieenesche Vëlossportler.
30. November: Jiang Zemin , chineesesche Politiker.
0 1. Dezember : Mylène Demongeot , franséisch Schauspillerin.
0 5. Dezember : Kirstie Alley , US-amerikanesch Schauspillerin.
11. Dezember : Angelo Badalamenti , US-amerikanesche Komponist.
18. Dezember : Lando Buzzanca , italieeneschs Schauspiller.
18. Dezember: Daniela Giordano , italieenesch Schauspillerin.
21. Dezember : Diane McBain , US-amerikanesch Schauspillerin.
21. Dezember: Victor De Bourcy , lëtzebuergesche Foussballspiller.
24. Dezember : Franco Frattini , italieenesche Politiker.
26. Dezember : Josy Hamer , lëtzebuergesche Geiist an Hautboisspiller.
28. Dezember : Linda de Suza , franco-portugisesch Sängerin.
29. Dezember : Pelé , brasilianesche Foussballspiller a Politiker.
29. Dezember: Dan Theis , lëtzebuergesche Foussballspiller an -trainer.
29. Dezember: Vivienne Westwood , brittesch Modendesignerin.
31. Dezember : Joseph Ratzinger , däitsche kathoulesche Geeschtlechen, emeritéierte Poopst Benoît XVI.