Micheál Martin
iresche Politiker From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
De Micheál Martin (Iresch: Micheál Ó Máirtín (ˈmʲiːçaːl̪ˠ)), gebuer den 1. August 1960 zu Cork, ass en iresche Politiker. Hien ass 2011 President vun der Partei Fianna Fáil an zanter dem Januar 2025 Taoiseach (Premierminister) vun Irland, nodeems en dat schonn eng Kéier tëscht Juni 2020 an Dezember 2022 war.
Remove ads
Karriär
De Martin ass zanter der Mëtt vun den 1980er Joren op kommunalem an nationalen Plang politesch aktiv. 1997 bis 2000 war hien Edukatiounsminister, dono bis 2004 Gesondheetsminister, du bis 2008 Handelsminister, a vu Mee 2008 bis Januar 2011 Ausseminister vu sengem Land.
No de Wale fir den Dáil Éireann (Parlament) den 8. Februar 2020 koum et zu enger Koalitiounsregierung aus Fianna Fáil, Fine Gael an der Green Party. Dem Koalitiounsaccord no war de Martin déi éischt 30 Méint Premierminister, dono war et um Tour vum Leo Varadkar (Fine Gael), dee virum Martin scho Premierminister war.
Vun Enn 2022 bis uganks 2025 war en delegéierte Premierminister (Tánaiste) an Aussen- a Verdeedegungsminister an der Regierung Varadkar II an an der Regierung Harris.
Am Januar 2025 gouf hien op en Neits zum Taoiseach ernannt.
Remove ads
Um Spaweck
| Commons: Micheál Martin – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads
