lëtzebuergesche Politiker, Jurist a Journalist From Wikipedia, the free encyclopedia
De Laurent Zeimet, gebuer den 12. Oktober 1974, ass e lëtzebuergesche Jurist, Journalist an CSV-Politiker.
Laurent Zeimet | |
---|---|
Gebuer |
12. Oktober 1974 Esch-Uelzecht |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun |
Universitéit vu Köln, Universitéit Panthéon-Sorbonne |
Aktivitéit | Politiker, Journalist |
Partei | CSV |
Member vun | Syndicat des villes et communes luxembourgeoises |
Hien ass an enger Beetebuerger Bäckerfamill opgewuess an huet säi Secondairesstudium am Lycée Robert-Schuman an am Kolléisch an der Stad gemaach. Duerno huet hien Droit zu Paräis an zu Köln studéiert. Vun 2004 bis 2012 war hie Redakter fir Innepolitik beim Luxemburger Wort.[1]
Zanter dem 14. November 2011 ass hie Buergermeeschter vun der Gemeng Beetebuerg.[2]
Hie war vu Mäerz 2012[3] bis Januar 2019[4] Generalsekretär vun der CSV.
De 4. November 2014 ass hien, als Folleg vu senger Kandidatur bei de Chamberwale vum 20. Oktober 2013, op d'Plaz vum Jean-Claude Juncker dee President vun der Europäescher Kommissioun gouf, als Deputéierten an d'Chamber 'nogerëtscht'[5]. Bei de Chamberwale vum 14. Oktober 2018 huet hie säi Sëtz verluer[6], ma gouf bei deene vum 8. Oktober 2023 nees an d'Chamber gewielt.
Hie war Member am Comité vum Syvicol an huet säin Mandat am Abrëll 2022 opginn, wéi hie Member vum Staatsrot gouf[7][8]. Dëst Mandat huet hien de 24. Oktober 2023 nees ofginn, fir Deputéierten ze ginn.
De Laurent Zeimet ass bestuet a Papp vun dräi Kanner[7].
Virgänger: Marc Spautz | Generalsekretär vun der CSV 2012 - 2019 | Nofollger: Félix Eischen |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.