From Wikipedia, the free encyclopedia
De Félix Eischen, gebuer de 5. Februar 1966 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Politiker (CSV) a fréiere Journalist an Tëlees-Moderator.
Félix Eischen | |
---|---|
Gebuer |
5. Februar 1966 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker |
Partei | CSV |
Fonctioun | Deputéierten, Deputéierten, Deputéierten |
De Felix Eischen huet vun 1987 bis 2007 bei RTL Radio an Télé Lëtzebuerg geschafft, wou hien zum Schluss ë. a. eng eegen Talkshow moderéiert huet.
2009 gouf hie fir d'CSV am Bezierk Süde an d'Chamber gewielt, a bei de Chamberwale vun 2013, deene vun 2018[1] an deene vun 2023[2] erëmgewielt.
Zanter November 2017 ass hie Buergermeeschter vun der Gemeng Kielen.
Hien ass haaptberufflechen Assurancenagent an ee vu sengen Hobbyen ass d'Exploitéiere vun enger klenger landwirtschaftlecher Brennerei. Am Marc Thoma sengem Film Emil (deen 2010 erauskoum) hat hien eng Nieweroll.
De Felix Eischen ass bestuet an huet zwou Duechteren.
Commons: Félix Eischen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Virgänger: Laurent Zeimet | Generalsekretär vun der CSV 2020 - 2021 | Nofollger: Paul Galles |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.