Remove ads
US-amerikanesche Schrëftsteller From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Ernest Miller Hemingway, gebuer den 21. Juli 1899 zu Oak Park, engem Faubourg vu Chicago am US-Staat Illinois, a gestuerwen den 2. Juli 1961 zu Ketchun am Idaho, war en US-amerikanesche Schrëftsteller.
Ernest Hemingway | |
---|---|
Gebuer |
21. Juli 1899 Oak Park |
Gestuerwen | 2. Juli 1961 |
Doudesursaach | Schosswonn |
Nationalitéit | USA |
Educatioun | Oak Park and River Forest High School |
Aktivitéit | Krichskorrespondent, Dréibuchauteur, Romancier, Journalist, Dramatiker, Dichter, Schrëftsteller, Novellist, Prosaist |
Den Ernest war dat zweet vu sechs Kanner vum Dr Clarence Edmonds Hemingway, engem Dokter, an der Grace Hall, déi hiert ganzt Liewe mat Migrän a Photophobie geplot war. Béid waren déifgleeweg Membere vun der First Congregational Church.
Den Ernest Hemingway ass scho fréi virun den Zwäng vu sengem Elterenhaus an der Schoul fortgelaf an huet een abenteuerlecht Liewe gefouert.
1918 war hie fräiwëllege Sanitäter (Chauffer beim Roude Kräiz) un der italieenescher Front, 1921-27 Korrespondent an Europa, 1936-37 am Spuenesche Biergerkrich op der Säit vun de Republikaner an 1944-45 beim Debarquement vun den Alliéierten a Frankräich als Krichsreporter. Enn 1944 war hien zu Lëtzebuerg, an der Regioun vun Iechternach, bei der 4. Infanterie-Divisioun ënner dem Generol Raymond O. Barton.
Den Hemingway huet sech mat 61 Joer d'Liewe geholl. Hie konnt am Alter wéinst senger Krankheet säin Ideal vun enger stänneger Bewärung an der Erausfuerderung a Gefor am Krich, beim Stéierkampf a bei der Héichséifëscherei, net méi verwierklechen. Ausserdeem huet hien ugefaange blann ze ginn.
Den Ernest Hemingway krut 1954 den Nobelpräis fir Literatur, "for his mastery of the art of narrative, most recently demonstrated in The Old Man and the Sea, and for the influence that he has exerted on contemporary style".[1] Wéinst senger schlechter Gesondheet war hien net mat um Banquet den 10. Dezember 1954 am Stadhaus zu Stockholm. Den amerikanesche Botschafter huet de Präis fir den Auteur entgéintgeholl.
Commons: Ernest Hemingway – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Wikisource: Ernest Hemingway – Quellentexter |
Wikiquote: Ernest Hemingway – Zitater |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.