Remove ads
US-amerikanesche Schauspiller From Wikipedia, the free encyclopedia
De Spencer Bonaventure Tracy, gebuer de 5. Abrëll 1900 zu Milwaukee, am Wisconsin, a gestuerwen den 10. Juni 1967 zu Beverly Hills, a Kalifornien, war en US-amerikanesche Filmschauspiller.
Spencer Tracy | |
---|---|
Gebuertsnumm | Spencer Bonaventure Tracy |
Gebuer |
5. Abrëll 1900 Milwaukee |
Gestuerwen |
10. Juni 1967 Los Angeles |
Doudesursaach | Häerzschlag |
Nationalitéit | USA |
Educatioun | American Academy of Dramatic Arts |
Aktivitéit | Schauspiller, Theaterschauspiller, Filmschauspiller |
Partei | Democratic Party |
Famill | |
Liewenspartner(in) | Katharine Hepburn |
Hien huet seng Carrière beim Theater ugefaangen, a goung 1930 op Hollywood, wou e fir d'éischt bannent 5 Joer a 19 Filmer fir d'20th Century Fox ënner Kontrakt stoung, duerno war en 20 Joer laang ee vun den Haapt-Stare vun der Metro-Goldwyn-Mayer. Hien huet 1938 an 1939 den Oscar als beschte Schauspiller gewonnen (fir Captains Courageous a Boys Town).
De Spencer Tracy hat eng breet Pallett vu Rolle gespillt, eeschter wéi komescher. Hien huet 5 Filmer mat der Katharine Hepburn zesummegespillt, mat där e vun uganks den 1940er Joren un och privat - méi oder manner heemlech, well e war mat enger anere Fra bestuet - liéiert war. Besonnesch a senge spéide Filmer huet hien dacks gruet, gerecht a mënschlech Personnagë verkierpert.
Hien ass ee Mount nom Enn vun den Dréiaarbechte vum leschte Film, wou e matgespillt huet, Guess who's Coming for Dinner Tonight gestuerwen.
Commons: Spencer Tracy – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.