Remove ads
From Wikipedia, the free encyclopedia
Den James Augustine Joyce, gebuer den 2. Februar 1882 zu Rathgar a gestuerwen den 13. Januar 1941 zu Zürich, war en iresche Schrëftsteller.
James Joyce | |
---|---|
Gebuertsnumm | James Augustine Aloysius Joyce |
Gebuer |
2. Februar 1882 Rathgar |
Gestuerwen |
13. Januar 1941 Zürich |
Doudesursaach | Bauchfellentzündung |
Nationalitéit | Irland |
Educatioun | University College Dublin |
Aktivitéit | Dichter, Romancier, Enseignant, Auteur, Schrëftsteller, Journalist, Literaturkritiker, Prosaist |
Hie gouf bekannt fir seng Wierker Dubliner, Ulysses a Finnegans Wake. Hie gëlt als ee vun de wichtegste Vertrieder vun der literarescher Modern.
Den James Joyce huet virun allem zu Dublin, Triest, Paräis an Zürich gewunnt.
Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
Vum 16. bis den 22. August 1934 waren den Joyce a seng Fra Nora am Stater Grand Hôtel Brasseur als Touristen zu Gaascht. Hie schrouf iwwer d'Stad: "This is a lovely quiet rose-growing part of dirty old Europe."[1]
Literaresch Auswierkungen op dës kuerz Presenz sinn a sengen Notebooks ze fannen (haut: Bibliothéik vun der University at Buffalo aus dem Staat New York), wou e sech d'Nimm vu Lëtzebuerger Flëss ("R. Sûre Sauer, R. Wiltz, Our, Attert, Alzette Black White Ernz Semois") notéiert hat, déi dann zum Deel a Finnegan's Wake opdauchen - als "that Luxuumburgher evec cettehis Alzette (...)".[2]
Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
Commons: James Joyce – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.