Eisenach
From Wikipedia, the free encyclopedia
From Wikipedia, the free encyclopedia
Eisenach ass eng kreesfräi Stad am Weste vun Thüringen. Si ass als Luther-, Bach- a Wartburgstad bekannt an hat d'Deelfunktioun vun engem Uewerzentrum.
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Stad Eisenach am däitsche Bundesland Thüringen. Fir d'Gemeng Eisenach am Landkrees Béibreg-Prüm, kuckt wgl. Eisenach (Äifel). |
Eisenach | |
---|---|
Land | Däitschland |
Bundesland | Thüringen |
Awunner |
42.408 (31. Dezember 2022) |
Fläch | 103.84 |
Héicht | 215 |
Koordinaten | 50°58'29"N, 10°19'28"O |
Telefonszon | 03691 |
Postcode | 99817 |
Websäit | https://www.eisenach.de/ |
Jumelage mat | Marburg, Sedan, Mogiljow |
Den Numm kënnt vun Issenach / Isenacha, séiert Waasser oder vum keltesche Waasserlaf am Sumpfdall.
Eisenach läit um nërdleche Bord vum Thüringer Wald an duerch d'Stad fléissen d'Werra, d'Hörsel an d'Nesse.
Zu Eisenach gehéieren d'Uertsdeeler
Dës Uertsdeeler hunn Uertschaftsverfaassungen, woubäi Neuenhof an Hörschel grad ewéi Wartha a Göringen all Kéier zu enger Uertschaft zesummegefaasst sinn.
Um Stadgebitt vun Eisenach steet d'Wartburg, déi zum Schutz vun der Via Regia 1067 gebaut gouf. Géint Enn vum 12. Joerhonnert gouf si d'Residenz vun de Landgrofe vun Thüringen. Zu Eisenach huet d'helleg Elisabeth gelieft, 1521/22 an de Martin Luther huet sech do verstoppt an d'Neit Testament vun der Bibel op Däitsch iwwersat.
D'Stad gouf 1180 fir d'éischt Kéier ernimmt. Nom Enn vun de Ludowinger an den domat verbonnenen hessesch-thüringeschen Ierffollegkricher 1247-1264 gouf Eisenach Wettiner Gebitt. 1283 krut Eisenach d'Stadrecht a gouf zum juristeschen Uewerhaff vum Landgrof. 1405 huet Eisenach de Status als Sëtz vum Landgrof nees verluer, a 1450 gouf d'Mënzplaz zougemaach.
1498 koum de Martin Luther als Latäinschüler eng éischt Kéier op Eisenach. Den 2. Mee 1521 huet hien, nodeem hie vum Wormser Räichsdag zeréckkomm war, an der Georgienkierch gepriedegt. Den Dag drop gouf hien op der Wartburg als Junker Jörg a Schutzhaft geholl, an ass bis den 1. Mäerz 1522 dobliwwen an huet d'Bibel aus dem griicheschen Urtext an d'Däitscht iwwersat. 1525 goufen am Kader vun de Bauerekricher verschidde Gebaier zu Eisenach zerstéiert - eng gutt Partie Rebelle goufe virun der Georgienkierch gekäppt an nach haut erënnert e Kräiz um Pawee virun der Kierch dodrun. 1528 gouf Eisenach am Zuch vun der Reformatioun evangeelesch, éischte Superintendent gouf de Justus Menius. 1596 gouf Eisenach fürstlech Residenz ënner dem Herzog Johann Ernst.
Den 21. Mäerz 1685 ass de Johann Sebastian Bach zu Eisenach op d'Welt komm, a gouf do an der Georgenkierch gedeeft. Säi Papp, den Ambrosius Bach, war de Leeder vun der Rotstrompetterei. Zu Eisenach hunn d'Barockkomponiste Johann Pachelbel a Johann Christoph Bach als Organiste souwéi de Georg Philipp Telemann als Haffkapellmeeschter gewierkt.
1741 ass d'Herzogtum Sachsen-Eisenach mam Doud vum Herzog Wilhelm Heinrich un den Herzog Ernst August vu Sachsen-Weimar gaangen. 1777 war de Johann Wolfgang von Goethe op Aluedung vum Herzog eng éischt Kéier op der Wartburg. 1807 war den Napoleon an der Stad, am Laf vun den Transporter wärend de Koalitiounskricher koum et den 1. September 1810 zu enger Polverexplosioun - nach haut erënnert de schwaarze Buer dodrun. 1814 war den Zar Alexander I. vu Russland zu Eisenach.
D'Wartburgfest vun der "Allgemeinen Deutschen Burschenschaft" 1817 huet vill zum Enn vun der Klengstaaterei an Däitschland bäigedroen. E weidert Wartburgfest gouf et och am Joer 1848. Zanter 1850 huet de Wingolfsbund all zwee Joer säi Wartburgfest zu Eisenach gefeiert.
1840 koum de Physiker Ernst Abbe zu Eisenach op d'Welt. 1847 gouf mat der Faart vu Gotha op Eisenach d'Eisebunn a Betrib geholl. 1859 gouf den Deutsche Nationalverein an der Wiertschaft Phantasie gegrënnt. Den August Bebel an de Wilhelm Liebknecht hunn an der Wiertschaft Goldener Löwe 1869 d'Sozialdemokratische Arbeiterpartei gegrënnt, wouraus méi spéit d'SPD ervirgaangen ass. 1896 gouf d'Eisenacher Fahrzeugfabrik gegrënnt. 1899 gouf d'Monument vum Wingolfsbund fäerdeggestallt an 1902 d'Burschenschaftsdenkmal ageweit. 1904 ass déi haiteg Eisenacher Gar opgaangen an 1907 d'Bachhaus.
Eisenach ass Sëtz vum Landesbëschof vun der Evangeelesch-Lutherescher Kierch an Thüringen.
Den 1. Juli 1994 koumen Hötzelsroda, Lerchenberg, Neuenhof, Stedtfeld, Stockhausen (bei Eisenach) a Wartha-Göringen an d'Gemeng Eisenach.
Zanter 1998 ass Eisenach nees kreesfräiei, virun 1950 war Eisenach schonn eemol eng kreesfräi Stad.
Entwécklung vun der Awunnerzuel (ab 1960 31. Dezember):
1830 bis 1933 |
1939 bis 1995 |
1996 bis 2003 |
2004 bis |
1 29. Oktober
2 31. August
3 30. September
De Stadsrot besteet aus dem Uewerbuergermeeschter a 36 Memberen aus follgende Parteien:
Marburg, Däitschland zanter 1988 | |
Sedan, Frankräich zanter 1991 | |
Waverly, USA zanter 1992 | |
Skanderborg, Dänemark zanter 1993 | |
Mahiljou, Wäissrussland zanter 1996 | |
De Sommergewinn zu Eisenach ass e Summerfest, dat meeschtens schonn am Mäerz gefeiert gëtt. D'Fest huet eng joerhonnertelaang Traditioun. Freides a samschdes véier Woche virun Ouschteren gëtt de Sommergewinn mat sougenannten Kommerschabenden ageleet. Den drëtte Samschdeg virun Ouschtere gëtt et als Héichpunkt e festlechen Ëmzuch, deen zanter 1897 zelebréiert gëtt, an all Joer ënner engem aneren Theema steet.
Zu Zäite vun der DDR war d'Stad de Sëtz vum Automobilwerke Eisenach (AWE), déi den Auto "Wartburg" produzéiert huet. Mä schonn zanter 1898 goufen hei um Fouss vun der Wartburg am Hörseldall Automobiler gebaut. Zanter 1904 gouf den Dixi produzéiert, éier d'Wierk 1928 vu BMW iwwerholl gouf. Wärend dem Zweete Weltkrich, an doriwwer eraus, goufe Motorrieder gebaut. BMW huet ausserdeem tëscht 1937 an 1945 Fluchmotoren hiergestallt. D'Stad ass bis haut vum Maschinnebau gepräägt.
2003 gouf et hei 102 Industriebetriber mat ronn 8000 Mataarbechter. De Schwéierpunkt läit op Betriber aus der Automobil- a Metallindustrie. Mat 133 Industrieaarbechtsplaze pro 1000 Awunner läit Eisenach an enger Spëtzereiderpositioun wäit iwwer dem Bundesduerchschnëtt. 75 Prozent vun den Autoen an Autosdeeler vun Thüringe ginn hei produzéiert..
Commons: Eisenach – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Commons: Wartburg – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.