Remove ads
däitsche Komponist, Dramatiker an Dirigent From Wikipedia, the free encyclopedia
De Wilhelm Richard Wagner, gebuer den 22. Mee 1813 zu Leipzig, a gestuerwen den 13. Februar 1883 zu Venedeg am Palazzo Vendramin-Calergi, war e bedeitenden däitsche Komponist, Dramatiker an Dirigent.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Richard Wagner | |
---|---|
Gebuertsnumm | Wilhelm Richard Wagner |
Pseudonym | K. Freigedank, H. Valentino |
Gebuer |
22. Mee 1813 Leipzig |
Gestuerwen |
13. Februar 1883 Venedeg |
Doudesursaach | Häerzschlag |
Nationalitéit | Kinnekräich Sachsen |
Educatioun | Universitéit vu Leipzig |
Aktivitéit | Komponist, Librettist, Dirigent, Essayist, Theaterregisseur, Autobiograph, Dichter, Pianist, Musekskritiker, Diarist, Schrëftsteller |
Famill | |
Bestuet mat | Cosima Wagner, Minna Wagner |
Kanner | Siegfried Wagner, Isolde Beidler |
De Komponist ass den 22. Mee 1813 zu Leipzig, am Gasthof „Zum roten und weißen Löwen“, als néngt Kand vum Polizeiaktuar Carl Friedrich Wagner (1770–1813) an der Bäckeschduechter Johanna Rosine Wagner, geb. Pätz (1774–1848), op d'Welt komm an de 16. August op den Numm Wilhelm Richard Wagner an der Thomaskiirch zu Leipzig gedeeft ginn. Sechs Méint no senger Gebuert, den 23. November 1813, ass de Papp un Typhus gestuerwen. Am August 1814 huet dem Wagner seng Mamm de Schauspiller an Dichter Ludwig Geyer (1780–1821) bestuet, dee sech der Famill nom Doud vum Papp ugeholl hat, an dee fir de Carl Friedrich Wagner groussen Estime hat. Spekulatiounen, wouno de Geyer de wierkleche Papp vum Richard Wagner geweescht soll sinn, si weeder bewisen nach goufe se widderluecht.
Am Joer 1817 ass de Wagner fir d'éischt an d'Schoul gaangen. Zwee Joer méi spéit ass de Stéifpapp Ludwig Geyer krank ginn, an ass den 30. September 1821 zu Dresden gestuerwen. De Richard koum du bei säi Monni Karl Geyer op Eisleben. Ënner dem Numm Richard Geyer ass hien du vum 22. Dezember 1822 un an d'Kreuzschule zu Dresden gaangen. 1826 ass d'Famill op Prag geplënnert, de Richard ass awer zu Dresden bliwwen.
Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
Nëmmen déi follgend zéng Wierker huet de Wagner fir Opféierungen am Festspillhaus um Gréngen Hiwwel zu Bayreuth komponéiert:
Am Ganze stinn am Wagner-Wierkverzeechnes (WWV) 113 Wierker opgezielt.
Commons: Richard Wagner – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.