Bündnis 90/Die Grünen

politesch Partei From Wikipedia, the free encyclopedia

Bündnis 90/Die Grünen
Remove ads

D'Bündnis 90/Die Grünen (kuerz dacks Grüne genannt) ass eng däitsch politesch Partei, déi en inhaltleche Schwéierpunkt op eng ekonomesch, ekologesch a sozial nohalteg Ëmweltpolitik leet.

Séier Fakten President, Vizepresidenten ...
Remove ads

Die Grünen sinn am Januar 1980 zu Karlsruhe am deemolege Westdäitschland gegrënnt ginn an hunn hiren Ursprong an der Anti-Atomkraaft- an Ëmweltbeweegung, neie soziale Beweegungen an der lénkser Friddensbeweegung aus den 1970er. 1983 hu si et an den Däitsche Bundestag gepackt a vun 1985 bis 1987 hu si an enger Koalitioun mat der SPD fir d'éischt e Landesminister gestallt (de Joschka Fischer an Hessen).

D'Bündnis 90 ass aus der Friddensbeweegung an der deemoleger DDR entstanen. Si ass 1990 an de Bundestag komm. 1993 hunn dunn Die Grünen a Bündnis 90 fusionéiert.

Vun 1998 bis 2005 ware Bündnis 90/Die Grünen an enger Koalitioun mat der SPD fir d'éischt un enger Bundesregierung bedeelegt. Zënterhier si si nees an der Oppositioun. Zënter 2011 stelle si fir d'éischt e Ministerpresident (de Winfried Kretschmann a Baden-Württemberg).

Remove ads

Um Spaweck

Commons: Bündnis 90/Die Grünen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

    Loading related searches...

    Wikiwand - on

    Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

    Remove ads