lëtzebuergeschen Historiker From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Edouard Marc (Ed) Kayser, gebuer de 14. Februar 1954 zu Fontainebleau, ass e lëtzebuergesche Geschichtsprofesser, Historiker an Auteur. Hien ënnerschreift meeschtens mat Edouard M. Kayser.
Edouard Marc Kayser | |
---|---|
Gebuer |
14. Februar 1954 Fontainebleau |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Historiker, Auteur, Lycéesprofesser |
Famill | |
Papp | Robert Kayser |
Den Edouard Marc Kayser ass als Jong vum lëtzebuergeschen Offizéier Robert Kayser a vun enger franséischer Mamm zu Fontainebleau (Seine-et-Marne) gebuer. No der Primärschoul zu Fontainebleau an zu Dikrech huet hie säi Secondaire an der École apostolique de Clairefontaine (deemools Gemeng Nidderelter, haut Arel) gemaach, a mat engem lëtzebuergesche Premièresexamen (A classique), deen am Lycée Michel-Rodange geschriwwe gouf, ofgeschloss.
No engem Ëmwee am Fach Droit huet den Edouard Marc Kayser op der Université libre vu Bréissel Geschicht studéiert. Hien huet sech staark am Cercle d'Histoire vun der ULB engagéiert an ass reegelméisseg a Virliesungen am Institut des Hautes Études de Belgique an am Institut Martin Buber gaangen. Seng Diplomaarbecht (Spezialitéit Mëttelalter) huet hien iwwer d'Uertschaft Gréiwemaacher (vun der Virgeschicht bis an d'14. Joerhonnert) geschriwwen. Am Kader vum dräijärege Stage pédagogique fir Geschichtsprofesser ze ginn, huet hien eng Thees iwwer d'18. Joerhonnert am Herzogtum Lëtzebuerg (sozio-ekonomesch, sanitär an administrativ Aspekter) verdeedegt an e pedagogesche Mémoire iwwer d'Vermëttlung vun der politesch-diplomatescher Evolutioun vum Groussherzogtum tëscht 1814/15 an 1867 am klasseschen Unterrecht geschriwwen.
No enger éischter Ustellung am Lycée technique d'Ettelbruck, huet hie sech der Rei no an de Lycée technique Nic-Biever zu Diddeléng, an de Lycée Hubert-Clément zu Esch-Uelzecht an an de Kolléisch um Geesseknäppche versetze gelooss. Tëscht 2014 a 2017 war e President vun der nationaler Kommissioun fir d'Programmer an der Éducation civique. Zanter dem 1. Oktober 2017 ass en Éiereprofesser vum Kolléisch.
Den Edouard Marc Kayser ass zanter Abrëll 2000 Membre correspondant vun der Section historique vum Institut grand-ducal; an zanter 2012 ass hien am Redaktiounscomité vun der Kulturzäitschrëft récré - Ausbléck.
Hie wunnt an der Stad Lëtzebuerg, ass bestuet a Papp vun zwee Kanner.
Den Edouard Marc Kayser intresséiert sech allgemeng fir d'Evolutioun vu Lëtzebuerg am geschichtlech gewuessene Raum tëscht Meuse a Musel, speziell am Mëttelalter, am spéiden Ancien Régime an am 19. Joerhonnert, awer och fir d'Historiographie, fir d'Vergaangenheet vum haitege Benelux, besonnesch vun de südlechen Nidderlanden (Pays-Bas méridionaux -> Belsch), a fir d'Geschicht vun der europäescher Integratioun. Donieft probéiert hien d'Aarbecht vun de lëtzebuergeschen Archeologen, speziell am gallo-réimesche Beräich, am A ze behalen. Och d'Literatur an d'Bildungspolitik gehéieren zu sengen Intressegebidder.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.