De Charles Hamer, gebuer den 30. Januar 1948 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergeschen Ekonomist, Finanzspezialist an Auteur. Säi Papp war de Jurist, héije Fonctionnaire an Auteur Pierre Hamer (1916-2006).
Charles Hamer | |
---|---|
Gebuer | 30. Januar 1948 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Ekonomist |
De Charles Hamer huet, no senge Secondairesstudien am Stater Kolléisch (1967; Section latine A), den Institut d'Études politiques (IEP) vu Paräis absolvéiert an ass docteur en droit. Hien huet ee gudden Deel vu senger Carrière bei der Bank Paribas a Frankräich verbruecht ir en Generaldirekter vu Paribas zu Lëtzebuerg gouf. Duerno ass hie bei d'Private Bank vun der Grupp Crédit agricole zu Lëtzebuerg gaangen. 2007 ass hien, deen Administrateur délégué vun der Crédit Agricole Private Bank war, zum President vum Exekutivrot vum neigeschaafte (2007) Private Banking Group, Luxembourg ernannt ginn.
De Charles Hamer ass och als Auteur vun engem Roman à la Conan Doyle bekannt.
- Charles Hamer, Sherlock Holmes au Luxembourg ; Lëtzebuerg (Eegeverlag; Drock: St.-Paulus), 1983; 188 Säiten.
- Charles Hamer ; kuerz biographesch Notiz an der Wochenzeitung Le Jeudi, Ausgab vum 2. August 2007.
- Edouard M. Kayser, En marge d'un centenaire: Sherlock Holmes au Luxembourg ; in: Reflets du Lycée Hubert-Clément; Esch-Uelzecht, Schouljor 1990/91.
- Georgette, Actualité du roman: Sherlock Holmes au Luxembourg, par Charles Hamer ; in: Die Warte / Perspectives, kulturell Wochebäilag vum Luxemburger Wort, Ausgab vum 30 Juni 1983.
Wikiwand in your browser!
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.