Pierre Hamer (Auteur)
From Wikipedia, the free encyclopedia
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Pierre Hamer, gebuer den 23. Mäerz 1916 zu Déifferdeng, a gestuerwen de 14. Februar 2003 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Jurist, Ingénieur commercial, héije Beamten am Transportministère, Commissaire de Gouvernement bei der Eisebunn, Historiker an Auteur. Hie war de Papp vum Banquier an Auteur Charles Hamer.
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Jurist, Historiker an Auteur Pierre Hamer. Fir aner Leit mat deem selwechten Numm, kuckt wgl. Pierre Hamer. |
Pierre Hamer | |
---|---|
Gebuer | 23. Mäerz 1916 |
Gestuerwen | 14. Februar 2003 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Historiker |
Dem Pierre Hamer seng Eltere waren de Charles Hamer, Chef de service op der Déifferdenger Schmelz, an d'Thérèse Schintgen. Der Famill Hamer hir Wuerzele loosse sech am Norde vu Lëtzebuerg (Eeselbuer bei Klierf) bis 1492 zeréckverfollegen.
No senge Secondairesstudien am Stater Kolléisch (Section gréco-latine, 1936) huet de Pierre Hamer op den Universitéite vu Paräis, Bréissel a Frankfurt am Main studéiert an ass souwuel Docteur en droit wéi och Ingénieur commercial ginn. 1946 ass hien als Attaché an den Transportministère komm. Do huet hie sech ëm d'elektresch Energie-Versuergung, ëm d'Navigatioun op de lëtzebuergesche Flëss an ëm d'Aviatioun bekëmmert.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.