Schwäiz
Staat a Mëtteleuropa / From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Schwäiz (däitsch: Schweizerische Eidgenossenschaft, fr.: Confédération suisse, it.: Confederazione Svizzera, rätoroman.: Confederaziun svizra, lat. Confoederatio Helvetica) ass e Staat a Mëtteleuropa. D'Land grenzt am Norden un Däitschland, am Osten u Liechtenstein an Éisträich, am Süden un Italien an am Westen u Frankräich.
Dëse Geographiesartikel iwwer d'Schwäiz ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Schweizerische Eidgenossenschaft Confédération suisse Confederazione Svizzera Confederaziun svizra Confoederatio Helvetica | |||||
| |||||
National Devise: Unus pro omnibus, omnes pro uno ("Ee fir s'all, all fir een") | |||||
Offiziell Sprooch: | Däitsch, Franséisch, Italieenesch, Rätoromanesch | ||||
Haaptstad: | Bern | ||||
Staatsform: | Federal Republik | ||||
• Bundespresidentin: | Viola Amherd | ||||
• Bundeskanzler: | Viktor Rossi | ||||
Fläch: | 41 285 km² | ||||
• Dovu Waasser: | 3,7 % | ||||
Bevëlkerung: | 8.401.120[1] | ||||
• Bevëlkerungsdicht: | 182/km² | ||||
Onofhängegkeet: | 1. August 1291 (ausgeruff) 24. Oktober 1648 (unerkannt) 1848: modern Schwäiz | ||||
Nationalfeierdag: | 1. August | ||||
Nationalhymn: | Schwäizerpsalm (Lauschteren) | ||||
Wärung: | Schwäizer Frang (CHF) | ||||
Zäitzon: | UTC +1 (+2 vu Mäerz-Oktober) | ||||
Internet TLD: | .ch | ||||
Internationalen Telefonsprefix: |
+41 |
D'Schwäiz ass zanter dem Wiener Kongress vun 1815 baussepolitesch neutral a mat der Zäit Sëtz vun enge sëllegen internationalen Organisatioune ginn. D'Alperepublik selwer ass Member vun der EFTA, dem Europarot, der Welthandelsorganisatioun (GATT) an zanter 2002 och vun de Vereenten Natiounen.
Bern ass de Schwäizer Regierungssëtz ("Bundessëtz") an de facto d'Haaptstad. Déi gréisst Stad ass Zürich.