Matterhorn
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Matterhorn (Walliserdäitsch: ds'Hore, franséisch: Mont Cervin oder Le Cervin, italieenesch: Monte Cervino) ass mat 4.478 m de siwenthéchste Bierg vun den Alpen (wann en de Mont Blanc an de Monte Rosa als een an de selwechte Grupp betruecht).
![]() |
Dëse Geographiesartikel iwwer Europa ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Matterhorn | |
---|---|
![]() | |
Héicht: | 4.478 m |
Lag: | Schwäiz/Italien |
Bierger: | Walliser Alpen |
Fir d'éischt op der Spëtzt: | 14. Juli 1865: Edward Whymper |
D'Matterhorn steet an de Walliser Alpen tëscht Zermatt a Breuil (Cervinia). D'Ost-, Nord- a Westwand leien op Schwäizer, d'Südwand op italieeneschem Statsgebitt.
Wéinst senger aparter Form a senger alpinistescher Geschicht ass et ee vun de bekanntste Bierger vun der Welt. Fir d'Schwäiz ass d'Matterhorn e richtegt Symbol, an eng vill geknipsten Touristenattraktioun. Säi markanten dräieckege Kapp gëtt souguer vun der Schwäizer Schockelasfabrik Tobler als Motiv fir hiren "Toblerone" benotzt.
Kuckeswäertes
D'Air Zermatt bitt den Touristen Helikopterflich vun 20 Minutten un, mat deenen een direkt iwwer d'Spëtzt vum Matterhorn geflu gëtt an d'Wänn vu ganz no erliewe kann. De Startpunkt ass meeschtens um Gletscher um Plateau Rosa
Fotoalbum vum Materhorn
- Ost- an Nordsäit vu Zermatt aus
- Südssäit vum Schigebitt Breuil-Cervinia aus gesehen
- Ostsäit an Nordsäit, vum Rothorn aus gesinn
- Matterhorn im Herbst 2003. Usiicht vun der Ost- an Nordwand
- Panorama-Vue vum Matterhorn
- Matterhorn (Ostsäit) vum Riffelséi aus, mat Spigelbild
- Matterhorn
Literatur
- Charles Gos, Le Cervin, (Attinger, 1948)
- Edward Whymper, Scrambles Amongst the Alps, (1871)
Kuckt och
Um Spaweck
Commons: Matterhorn – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.