kathoulesch Kierch From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Kierch zu Biissen ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Äischdall-Helpert Saint-Willibrord, zum Dekanat Zentrum an zu der Gemeng Biissen gehéiert.
| ||||
---|---|---|---|---|
Parkierch vu Biissen (2013) | ||||
Uertschaft / Plaz | Biissen | |||
Par | Äischdall-Helpert Saint-Willibrord | |||
Dekanat | Zentrum | |||
Numm / Patréiner | Hl. Stephanus | |||
Konsekratioun | 1868 | |||
Architekt(en) | Joseph Hartmann | |||
Baujoer | 1861 | |||
Koordinaten | 49° 47’ 14.3’’ N 06° 03’ 59.3’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
Bis de 6. Mee 2017 war et d'Parkierch vun der Par St. Stephanus Biissen, zanter dem 7. Mee 2017 ass s'eng Filialkierch vun der Par Äischdall-Helpert St. Willibrord.
De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Stephanus, deem säi Fest de 26. Dezember gefeiert gëtt. Den Niewepatréiner ass den hellege Laurentius (10. August).
D'Kierch steet zentral an der Uertschaft op der Mierscher Strooss, dem CR115.
Se gouf 2019, wéi virdru schonn d'Uergel (2001) a véier Freskemolereie vum Jean-Pierre Beckius (Zousazinventaire, 1987), als nationaalt Monument klasséiert.[1]
Zur fréierer Par Biissen gehéiert ausser der Parkierch och nach d'Kapell um Wobierg.
D'Pläng fir d'Biisser Parkierch si vum Architekt Joseph Hartmann aus der Stad Lëtzebuerg. D'Direktioun vun den Aarbechte gouf vu sengem Jong Antoine Hartmann iwwerholl. De Grondstee gouf den 20. Juli 1858 geluecht, deelweis op der selwechter Plaz wou virdrun déi al Parkierch stoung. Déi éischt Mass gouf am Wanter 1860/61 an der neier Kierch gefeiert, wärend d'Konsekratioun eréischt den 23. Juni 1868 duerch de Bëschof Nicolas Adames gefeiert gouf.
De Sculpteur M. Stephan vu Köln huet 1867 den Haaptaltor geliwwert, dee sech dem neogotesche Stil vun der Kierch upasst. Bei der Konsekratioun goufe Reliquie vum hellegen Aurelius a vum hellegen Desiderius agemauert. An der Spëtzt steet eng Statu vun der Muttergottes. Déi aner zwou Statue stellen d'Patréiner duer.
De Kënschtler Jean-Pierre Beckius huet 1924 déi véier Freskemolereien am Chouer geschaf. Dës véier Biller (3 Meter x 2,50 Meter) sinn déi eenzeg Kierchebiller, déi de Beckius gemoolt huet. Se weisen de Jesus bei der Owesmoolzecht, de Jesus wéi en de Jüngling vun Naïm nees erwächt, de Jesus als Kannerfrënd an de Jesus bei der Biergpriedegt. 1958 goufe Bibel-Zitater a GoldBuschtawen dobäi gesat. 1987 goufe se op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter als Inventaire supplémentaire klasséiert.
De Volleksaltor an den Ambo sinn 1977 vum Jean Haler vun Ettelbréck geliwwert ginn. Déi vum fréiere Priedegtstull ofmontéiert Holzskulpture vun de véier Evangeliste goufen um Ambo montéiert.
Déi zwéi Säitenaltär, de Muttergottesaltor an den Häerz-Jesu-Altor, goufen 1880 vum Sculpteur Joseph Fischer vu Gréiwemaacher no de Pläng vum Architekt A.P. Kemp gemaach. An de Joren 2010/11 goufe se restauréiert.
D'Laurentius-Fënster weist Zeenen aus dem Liewe vum zweete Patréiner vun der Kierch. D'Stephanus-Fënster ass aus dem Joer 1897. D'Häerz-Jesu-Fënster huet den Numm vun der Stëfterin Margareta Stiefer an d'Joerzuel 1896. Et stellt d'Helleg Häerz Jesu an enger Erscheinung un déi helleg Seherin Maria Margreta Alacoque duer. D'Rousekranzfënster weist de Verbreeder vum Rousekranzgebiet, den hellegen Dominique. 2007 goufen dës véier Fënstere vun der Tréirer Firma Kaschenbach Glas-Kunstwerkstätten restauréiert an duebel verglaast.
Déi véier Beichtstill goufe vum Biisser Schräiner Nicolas Ottelé an de Joren 1864/65 gemaach.
Déi véierzéng Statiounsbiller goufe vum Dekoratiounsmoler Jean Schaack aus der Stad Lëtzebuerg mat Uelegfaarf gemoolt. D'Rumme sinn aus Eechenholz am gotesche Stil.
Déi al Kierchebänke vun 1893 goufen 1975 duerch 21 nei Bänke vun der Firma Eller vu Kassel ersat. Déi geschnëtzte Kappenner vun den ale Bänke goufe fir déi nei Bänken iwwerholl. 2008 goufen d'Bänke vum Jean-Claude Colling esou ëmgeännert, datt nees e Mëttelgank entstan ass. Déi säitlech Bänke (Kannerbänken) stamen aus dem Joer 1930.
De Kierchtuerm ass mat sengen 49,5 Meter ee vun den héchsten zu Lëtzebuerg. Déi dräi Klacke goufen de 5. Januar 1947 geweit. Se goufe vun der Schwäizer Firma Ruetschi vun Aarau gegoss. Déi grouss Klack mat engem Gewiicht vun 1300 kg ass der helleger Dräifaltegkeet geweit, déi zweet der Tréischterin, Kinnigin vum Fridden, an déi drëtt der helleger Theresia vum Kand Jesus. D'Klacke lauden am Toun a' g' e'.
D'Uergel gouf 1892 vun den Bridder Müller vu Reifferscheid gebaut a steet zanter 2001 ënner Denkmalschutz.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Uergel Kierch Biissen.
Commons: Kierch Biissen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.