From Wikipedia, the free encyclopedia
En Ambo ass e Liespult (Riednerpult) a kathoulesche Kierchen a Kapellen. Vun do aus ginn d'Liesung an d'Evangelium virgedroen an d'Priedegt an d'Fürbitte gi vum Ambo aus gehalen. Amboe gouf et schonn an der fréier Kierch, mä se si lues a lues aus dem Gebrauch komm. Eréischt no der Liturgiereform, no där de Priedegtstull net méi benotzt gouf, goufe s'als Dësch vum Wuert nees agefouert. Dofir gëtt den Ambo och haut nach dacks Priedegtstull vernannt.
Den Ambo steet bal ëmmer am Chouer riets oder lénks, e bësse virum Altor. Ganz dacks bilden Ambo, Altor, Tabernakel, an nach aner Géigestänn am Chouer, eng Eenheet, déi vun engem selwechte Kënschtler geschaf gouf.
Commons: Amboen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.