From Wikipedia, the free encyclopedia
Eng Uergel, vum griicheschen ὄργανον órganon „Wierkgeschir, Instrument, Organ“, ass e Museksinstrument aus der Grupp vun den Aerophone mat Tasten.
Uergel |
---|
engl.:organ, ital.:organo |
Klassifikatioun |
Aerophonen Tasteninstrumenter |
Tounëmfank: |
ganzen Héierberäich |
Instrumenter an der selwechter Famill: |
Portativ, Positiv, Regal |
Klangbeispil: |
Museker |
Organisten |
Kuckt och |
Uergelmanufakturen |
Se besteet aus:
Um Spilldësch sinn ze fannen:
D'Traktur beschreift, wéi d'Taste mat de Ventille vun de Päife verbonne sinn, fir dës op an zou ze maachen.
Et ënnerscheet een:
D'Päife vun enger Uergel si metallen oder hëlze Réier, duerch déi Loft, déi ënner Drock steet, stréimt.
All Päif an enger Uergel entsprécht engem eenzegen Toun. Wat eng Päif méi laang ass, wat den Toun, deen erkléngt, méi déif ass.
D'Längt vun de Päife gëtt a Fouss gemooss (1' entsprécht ongeféier 30 cm).
D'Klankfaarf vun enger Päif hänkt vum Typ, Labial- oder Zongepäif, vum Material, der Form an dem Rapport Duerchmiesser/Längt asw. of.
Päife vun der selwechter Klankfaarf a verschiddenen Tounhéichte bilden e Regëster.
Labialpäife lauschteren De Loftstroum gëtt un engem (heiansdo och zwee) Labium (Lëps) gebrach, wéi bei enger Blockflütt. Normalerweis si Labialpäifen uewen op, ass dëst net de Fall, seet ee se si "gedackt", an dësem Fall klénge s'eng Oktav méi déif wéi eng oppe Päif vun der selwechter Längt.
Zongepäife lauschteren
De Loftstroum bréngt e Blietchen zum Schwéngen, wéi bei enger Klarinett. Dës Zort Päifen huet en zimmlech schaarfe Klang a gëtt dofir meeschtens solistesch agesat. D'Form vum Schallbecher déterminéiert d'Klankfaarf.
Well normalerweis d'Stäerkt vum Toun vun enger Päif net ka beaflosst ginn, besteet d'Méiglechkeet verschidde Regësteren an eng sougenannte Schwëllkëscht ze montéieren. Dat ass eng Këscht, bei där eng Säit aus Schaute besteet déi méi oder manner opgemaach kënne ginn, a sou méi oder manner Toun erausloossen.
Schwëllkëscht lauschteren
Schonn an der Antiquitéit gouf et Uergelen. An dëse gouf d'Loft an e Behälter gepompelt, aus deem se Waasser verdriwwen huet, sou konnt e gläichméissege Loftdrock entstoe fir an d'Päifen ze stréimen. Dës Instrumenter haten en haarde Klang a goufen z. B. an Amphitheatere benotzt.
Am 8. an 9. Jh. koum d'Uergel iwwer Byzanz an Europa. Sou gouf et z. B. schonn 812 eng Kierchenuergel zu Oochen.
No an no sinn s'ëmmer méi grouss ginn.
An der 2. Hallschent vum 18. Jh. sinn déi sougenannt romantesch Uergelen (orchestral Kläng) opkomm an hunn déi bis dohi wäitverbreed Barockuergel verdrängt. Um Ufank vum 20. Jh. gouf et awer eng Réckbesënnung op déi klassesch Barockuergel an där hiert Klangideal.
Commons: Uergel – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Commons: Uergelen zu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.