lëtzebuergesche Moler From Wikipedia, the free encyclopedia
De Jean Schaack, gebuer den 28. Mee 1895 zu Walfer, a gestuerwen de 24. September 1959 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Moler.
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Moler Jean Schaack. Fir den Zeitungsediteur, kuckt wgl. Jean Schaack-Wirth. |
Jean Schaack | |
---|---|
Gebuer |
28. Mee 1895 Walfer |
Gestuerwen |
24. September 1959 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Moler |
1913, nom Ofschloss vun der Handwierkerschoul, studéiert de Jean Schaack op der Konschtakademien zu Stroossbuerg a München. 1914 huet hie seng éischt Ausstellung am Cercle artistique. An den 1920er Jore mécht hie laang Studiereesen an Italien, Südfrankräich, op Bruges an an d'Corse, vu wou e Landschaftsbiller mat erëmbréngt.
1926 ass hie mat bei de Moler vun der Sezessioun, déi en neie Wand an déi lëtzebuergesch Konschtszeen bruecht hunn. 1930 kënnt en an de Cercle artistique hannescht. Vun 1929 bis 1959 schafft hien als Konscht- an Zeecheprofesser am Kolléisch. D'Molerei bleift weiderhi seng Passioun.
1951 hat de Jean Schaack seng lescht Ausstellung am Cercle artistique. Hien ass mat 64 Joer gestuerwen.
1984 war eng Retrospektiv vu senge Wierker an der Villa Vauban ze gesinn.
Nom Jean Schaack ass an der Stad Lëtzebuerg eng Strooss benannt.[1]
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.