chrëschtlechen Hellegen From Wikipedia, the free encyclopedia
De Stephanus (och nach (en)Steven oder (fr)Étienne), an der kathoulescher, anglikanescher, a griichesch-orthodoxer Kierch als Hellege Stephanus bekannt, war den éischte chrëschtleche Märtyrer. Hie gouf gestengegt. An der lutheranescher Kierch zielt en als Märtyrer.
Stephanus | |
---|---|
De Staphanus op engem Bild vum Carlo Crivelli an der Londoner National Gallery | |
Titel | |
Titel | Jünger |
Biographie | |
Gebuer |
1 Griicheland |
Gestuerwen |
36 Jerusalem |
Doudesursaach | Stengegung |
Nationalitéit | Judäa |
Aktivitéit |
Diakon, Affer |
Aner Informatiounen | |
Statut | Thaumaturg |
Gedenkdag | 26. Dezember |
De Stephanus war den éischte vu siwen Diakone vun der urchrëschtlecher Communautéit zu Jerusalem. Dës Diakone goufe vun den Apostelen duerch d'Handopleeë geweit, nodeems an der Gemeinschaft e Konflikt tëscht de Membere mat engem griicheschen an deene mat engem traditionell jiddeschen Hannergrond iwwer d'Fro vun der Betreiung vu Wittfraen opgetruede war. D'Diakone waren du verantwortlech fir de Glawen ze verkënnege grad ewéi fir déi sozial Ugeleeënheete vun der Gemeinschaft.
Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
De Stephanus gëtt ëmmer mat engem oder méi Steng an der enger Hand a mat enger Märtyrerpalm an der anerer duergestallt.
De Stephanus säi Gedenkdag ass gemenkerhand de 26. Dezember, dohier och den Numm Stiefesdag. An der griichesch-orthodoxer Kierch ass et de 27. Dezember.
Hien ass de Patréiner vu Roum, Passau, Beckum (Münsterland, Nordrhein-Westfalen) an der Diözees Wien, grad ewéi de Patréiner vun ë. a. de Päerd, Kutschen, Steemetzer, Schräiner, Wiewer, Schneider a Kënschtler. Hie gëtt ugebiet géint Obsessioun, Kappwéi; fir e gudden Doud.
Dem Stephanus sinn op der ganzer Welt vill Kierche geweit, zum Beispill de Stephansdoum zu Wien.
Fir un den Stephanus z'erënneren, ass zu Uewerkuer eng Strooss no him genannt: Rue St. Etienne.
Commons: Stephanus – Biller, Videoen oder Audiodateien |
[[Kategorie:Persounen, no deenen eng Struktur zu Lëtzebuerg genannt ass]
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.