From Wikipedia, the free encyclopedia
Weemseesdet ass den Numm vun der éischter lëtzebuergescher TV-Sitcom, déi tëscht dem 30. Oktober 2011 an dem 23. Mäerz 2012 a 24 Episode vu knapps enger hallwer Stonn freides owes op RTL Télé Lëtzebuerg gewise gouf.
Film | |
---|---|
Produktiounsland | Lëtzebuerg |
Produktiounsjoer | 2011 |
Dauer | 25 min |
Originalsprooch | Lëtzebuergesch |
Ekipp | |
Regie |
Claude Lahr, Pol Cruchten, Fred Neuen, Yann Tonnar, Dan Wiroth, Sascha Hayar, Désirée Nosbusch, Jean-Claude Schlim |
Dréibuch |
Marc Limpach, Guy Helminger, Yann Tonnar, Eugénie Anselin, Thierry Faber, Claude Grosch, Frédéric Zeimet |
Musek | Serge Tonnar |
Produzent | Deal Productions |
Schauspiller | |
Germain Wagner als Romain Wampach Nicole Max als Georgette Wampach Luc Lamesch als Fränz Wampach Eugénie Anselin als Charlotte Wampach Martine Borg als Maria Teixeira Dos Santos Max Thommes als Max Reinhardt Désirée Nosbusch als Francine Konsbrück Mickey Hardt als Jang Konsbrück Anne Bredimus als Laura Leineweber Laura Schuller als Sabina Muhovic Fernand Fox als Bop Nilton Martins als Raul Teixeira Dos Santos Sofia Lopes als Carla Teixeira dos Santos | |
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre |
Se gouf vun deal Productions S.A. (Désirée Nosbusch an Alexandra Hoesdorff-Rosen) produzéiert a vum Claude Lahr a Marc Limpach geschriwwen. D'Dréiaarbechte ware vu Juli bis Enn September 2011.[1] D'Serie hat e Budget vun 1,5 Millioun Euro, wouvun zwee Drëttel vum Lëtzebuerger Filmfong iwwerholl ginn an een Drëttel vun RTL.[2]
Haaptpersonnagë sinn eng stacklëtzebuerger Famill, d'Famill Wampach: De Romain Wampach (gespillt vum Germain Wagner) ass en idealistesch zynesche Proff a seng Fra, d'Georgette (Nicole Max), eng opbrausend Psychologin. Si hunn zwee Kanner, de Fränz (Luc Lamesch) an d'Charlotte (Eugénie Anselin).[3]
Weider Personnagë sinn ë. a. hir Botzfra Maria (Martine Borg) an där hire Jong Raoul (Nilton Martins)[4], d'Nopeschkoppel, den Här an der Madame Konsbrück (Désirée Nosbusch a Mickey Hardt), de Bop (Fernand Fox)[5], d'Laura (Anne Bredimus), dem Charlotte seng Frëndin, de Max (Max Thommes), dem Fränz säi Kolleesch, asw.
Thematiséiert gi Sujeten wéi Generatiounekonflikter, pubertéierend Teenager, kleng Schwäermereien, Gedeessems mat den Noperen, asw.[6]
D'Musek vum Générique ass vum Serge Tonnar.[7]
N° | Episode | Éischt Ausstralung |
---|---|---|
1 | Fürerschäin: "E Kuss fir de Buss!" | 30. September 2011 |
2 | Besuch: "Am Noper säi Gaard ass gutt kraude goën." | 7. Oktober 2011 |
3 | "Di éischt Kéier!" | 14. Oktober 2011 |
4 | Eng op de Bak: "A wann et reent, da reent et rit eran." | 21. Oktober 2011 |
5 | Allerhellgen: "No Mantelsonndeg kënnt Mutzeméindeg." | 28. Oktober 2011 |
6 | Champions League: "Wann d'Kaze fort ginn, da sinn d'Mais gär Meeschter." | 4. November 2011 |
7 | Konveniat: "Fréier war d'Zukunft nach besser." | 11. November 2011 |
8 | "Wat en Theater wéinst engem Bazar." | 18. November 2011 |
9 | Chrëschtdag: "Rudolph the Red Nosed Reindeer." | 25. November 2011 |
10 | Valentinsdag: "Mat Froë vermécht een näischt." | 2. Dezember 2011 |
11 | Sport a Lousen: "Et kann een net ëmmer gewannen" | 9. Dezember 2011 |
12 | Aloha an Alaaf: "An de Jemen oder bis op Monnerech an zeréck." | 16. Dezember 2011 |
13 | Premièresexamen: "Muer ass och nach een Dag." | 6. Januar 2012 |
14 | Säitesprong: "Ursaache sinn do fir ze gebrauchen." | 13. Januar 2012 |
15 | Nationalfeierdag: "A wann et päift, dann fiert den Zuch." | 20. Januar 2012 |
16 | Tour de France: "E Maulef um Tour oder l'ange des collines." | 27. Januar 2012 |
17 | Äddi soën: "Ëmsoss ass der Doud, an dee kascht d'Liewen." | 3. Februar 2012 |
18 | Alles Flüchtlingen: "De Misère an der eegener Stuff." | 10. Februar 2012 |
19 | Staarken Tubak: "Besser Virsiicht wéi Nosiicht." | 17. Februar 2012 |
20 | De Remplassang: "Gutt Nopere brauche keng Heck." | 24. Februar 2012 |
21 | Scheedung: "D'Bestueden ass eng Lotterie." | 2. Mäerz 2012 |
22 | Knaschteg Wäsch: "Kleng Saachen, grouss Wierkung." | 9. Mäerz 2012 |
23 | Kee Kannergebuertsdag: "Roud Léift." | 16. Mäerz 2012 |
24 | Que sera: "Aus Kanner gi Leit." | 23. Mäerz 2012 |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.