Marc Limpach

lëtzebuergesche Jurist, Auteur, Schauspiller an Dramaturg From Wikipedia, the free encyclopedia

Marc Limpach
Remove ads

De Marc Limpach, gebuer den 3. Mee 1975 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Jurist, Schauspiller, Dramaturg an Auteur.

op ee Bléck Gebuer, Nationalitéit ...

Hien huet zu Stroossbuerg, Köln, Paräis a Cambridge Droit studéiert.[1]

De Marc Limpach ass weiderhin Auteur vun enger Rei vu juristeschen an zäithistoresche Publikatiounen. Hien ass och ë. a., zesumme mam Ian de Toffoli an der Elise Schmit, Member vum Redaktiounscomité vu Les Cahiers luxembourgeois.

Als Schauspiller huet hie mat enger ganzer Rëtsch vun Theaterregisseure geschafft, am dackste mam Frank Hoffmann. Zanter 2008 ass hien Dramaturg am Kasemattentheater, wou hie sech och ëm de Programm këmmert a Liesungen organiséiert.

2018 an 2019 huet hien an der Serie Bad Banks matgespillt, wouropshin en eng Rëtsch weider Rollen an däitschsproochege FIlm- an Tëleesproduktioune krut.

Remove ads

Wierker (Auswiel)

  • Marc Limpach, Charles Meder. Andrée Viénot-Mayrisch – Lettres à sa mère 1918-1946. Luxembourg: Fondation Lydie Schmit, 2022. Print. ISBN 978-2-919908-20-2
  • (mam Germaine Goetzinger a Lex Weyer; Red. a Koord.): 50 Jahre Kasemattentheater: 1964 - 2014. Centre Grand-Ducal d'art dramatique, 2014.[2]
  • (mam Marc Kayser): Wir glauben an die Demokratie: Albert Wingert, Resistenzler: eine Monographie. Luxemburg: Éd. d'Lëtzebuerger Land, 2004.
  • "Coconuts". In: Migrant - un recueil de pièces. Bridel: Hydre éd., 2015, S. 81-92.
  • "Joseph Noerden am Berliner Ensemble (1949-1953)." In: Les Cahiers luxembourgeois 2016, n°1, p. 85-121.
  • 'Schafft die Todesstrafe ab!': die politischen Debatten um die Abschaffung der Todesstrafe im Spiegel des Tageblatt. Esch-sur-Alzette: Le Phare, 2013.
  • En Tiger am Rousegäertchen. Bridel: Hydre éd., 2016.
  • " 'La mesure de tout est la dignité de l'homme': Ursprünge und Elemente des politischen Engagements von Robert Krieps."in: Marc Limpach, Franz Fayot (ed.): Robert Krieps: (1922-1990): démocratie, justice, culture, éducation. [Esch/Alzette]: Le Phare, 2009 p. 13-70.
  • (mam Henri Wagner): Debt restructurings in connection with Luxembourg listed securities. [S.l.]: Thomson, Sweet & Maxwell, 2003.
  • (mam Henri Wagner): "Public offerings of securities in the Grand Duchy of Luxembourg - practical and regulatory aspects." In: Droit bancaire et financier au Luxembourg: recueil de doctrine. Larcier: ALJB, 2004, 1467-1491.
  • (mam François Goergen): "Les compétences, pouvoirs et moyens d'intervention de la CSSF." In: Droit bancaire et financier au Luxembourg Vol. I, p. 151-220.
Remove ads

Filmographie

Gielecher

Literatur

  • Sarah Pepin: "Strippenzieher." in: d'Lëtzebuerger Land Nr. 50 (70. Jg.), 15.12.2023, S.26 [Portrait].

Um Spaweck

Referenzen

  1. Quell, wou net anescht uginn: 2e de couverture vu sengem Buch En Tiger am Rousegäertchen. Hydre Éditions 2016.
  2. Eng komplett Lëscht vu Wierker ass op a-z.lu ze fannen.
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads