From Wikipedia, the free encyclopedia
Bad Banks ass eng däitsch-lëtzebuergesch Televisiounsserie. Si gouf 2017 an 2019 vu Letterbox Filmproduktion an Iris Productions, a Koproduktioun mat ZDF an arte produzéiert. Déi éischt Saison gouf am Februar 2018 fir d'éischt gewisen, déi zweet am Februar 2020.
Serie | |
---|---|
Produktiounsland |
Däitschland Lëtzebuerg |
Dauer | Pro Saison 6 x 50-54 |
Originalsprooch |
Däitsch Franséisch Englesch Lëtzebuergesch |
Follgen | 6 + 6 |
Éischt Folleg | 2018 |
Staffelen | 2 |
Episoden | 6 |
Ekipp | |
Dréibuch |
Oliver Kienle Jana Burbach Jan Galli |
Produzent |
Letterbox Filmproduktion, Iris Productions |
Distributioun | Netflix, Hulu |
Schauspiller | |
Paula Beer als Jana Liekam Barry Atsma als Gabriel Fenger Désirée Nosbusch als Christelle Leblanc Albrecht Schuch als Adam Pohl Mai Duong Kieu als Thao Hoang Tobias Moretti als Quirin Sydow Jean-Marc Barr als Robert Khano Marc Limpach als Luc Jacoby Germain Wagner als Ties Jacoby Jörg Schüttauf als Peter Schultheiß Hana Sofia Lopes als Lola Eugénie Anselin Steve Karier |
Déi jonk Investmentbankerin Jana Liekam (Paula Beer), schafft zu Lëtzebuerg bei der Crédit International Financial Group. Wéi si stënterlech entlooss gouf, kritt si Hëllef vun hirer fréier Cheffin Christelle Leblanc (Désirée Nosbusch), fir gläich drop bei der Deutsche Global Invest (DGI) zu Frankfurt eng Plaz ze fannen. Als Konterpartie muss d'Liekam hir Insiderinformatiounen iwwer hiren neie Patron liwweren. Si fënnt eraus, datt d'DGI hire Bilan gefälscht hat...
Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
Uganks 2019 goufen zu Lëtzebuerg (Fräihandelszon um Findel, Konferenzzentrum um Kierchbierg, Esch-Belval); Berlin, Frankfurt a London, an op Barbados an de Joffereninselen d'Episode fir eng zweet Saison gedréint.[1]
Fir d'Produktioun vun der zweeter Staffel krut Iris Productions am Juli 2018 e Subside an Héicht vun 1,7 Milliounen Euro vum Lëtzebuerger Filmfong accordéiert.[2] Si hat d'Joer virdru virdru scho 60.000 Euro fir d'Ausschaffe vum Dréibuch krut.[3]
Déi zwou éischt Episode goufen den 21. Februar 2018 am Kader vun der Berlinale 2018 eng éischt Kéier gewisen. Dono hat d'Serie an der ZDF-Mediathéik am Streaming e grousse Succès, ier se dann am Mäerz op arte an am ZDF ze gesi war. Am September-Oktober 2018 ass se och op RTL Tele Lëtzebuerg gelaf.
Déi zweet Saison gouf Enn Januar 2020 an d'Mediathéike vun arte an ZDF gesat an dann de 6. a 7. Februar 2020 op arte a vum 8. bis 10. Februar 2020 am ZDF ausgestraalt. Februar/Mäerz 2020 war se och am Wocherhythmus op RTL Tele Lëtzebuerg ze gesinn.
Bad Banks gouf an der Kategorie „Produktioun fir d'Televisioun oder déi nei Medien“ mat dem Filmpräis 2018 ausgezeechent[4].
Commons: Bad Banks – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.