Uertschaft an der Gemeng Konsdref From Wikipedia, the free encyclopedia
Scheedgen ass eng Uertschaft an der Gemeng Konsdref.
Scheedgen | |
---|---|
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Scheidgen de: Scheidgen |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Iechternach |
Gemeng | Konsdref |
Buergermeeschter | Marco Bermes |
Awunner | 452[1] |
2013 | |
Fläch | 550,3747 ha[2] |
Héicht | 359 m |
Koordinaten |
49° 46’ 53’’ N 06° 21’ 31’’ O |
Den Numm Scheedgen, däitsch Scheidgen gëtt ofgeleet vum däitsche Scheid. Dat ass e Synonym fir Bësch[Source?]. Also ass Scheedgen e klenge Bësch.[3] Den Numm ass, souwäit wéi dat bis elo bekannt ass, eng éischt Kéier an engem Dokument vum 13. Januar 1555 beluecht: die scheffen zu Constorff (sagen)… von der marcken an biß bey das Scheidgen da stehet ein marck,... [4]
Den Toponym Scheedgen funktionéiert am Sproochgebrauch wéi e Flouernumm. Dofir wunnt een och net zu Scheedgen ma um Scheedgen (seelen och op der Scheedgen). Et fiert een iwwert de Scheedgen fir vu Konsdref op Iechternach ze kommen.
Um Scheedge gëtt et zwou Kierchen,
De gréissten Deel vun der Landschaft gehéiert zum Lëtzebuerger Sandsteen. Insele vu Mergel a Stroossener Kallek iwwerdecken dës Steeschicht op den Héichte vum Theinshaff bis bei de Neirodeschhaff, op Juckefeld an an der Leemkaul.[5]
Den alen Duerfkär läit an der Mull vun der Steebaach.[6] Ronderëm d'Duerf, op den Héichte leie 6 bis 7 Eenzelhäff an Haiser. Nei gebaut gëtt laanscht den CR118, den CR132 an de Rosswénklerwee, déi dräi Stroossen déi am Duerfkär zesummekommen.
Nach relativ jonk als Duerf ass d'Scheedgen op der Gafel vun zwéi Weeër entstanen: deen ee vu Konsdref bis an de Scheedges Bësch, an deen anere vum Scheedgen op Bech. Dat ass däitlech op der sougenannter Ferrariskaart aus dem Joer 1777 ze gesinn: en Duerf mam Numm Scheedgen gëtt et 1777 nach net, just zwéin Häff: Cense Roswinckel an Cense Rodershoff. Se stinn allebéid, jiddweree fir sech an engem Bëschelchen. Donieft weist d'Kaart véier eenzel Haipen um Rees vum Juckebësch / Juckenbusch, ongeféier op Juckefeld, wou haut d'Cité au Bois ass. Déi éischt Haiser vum Duerf wéi et haut existéiert, mussen no 1777 gebaut gi sinn.
D'Scheedgen läit an der Klenger Lëtzebuerger Schwäiz. Zanter den Alexis Heck d'Iddi vum Tourismus am Land promovéiert huet, huet déi pittoresk Géigend Joer fir Joer an der Haaptsaach belsch an hollännesch Touristen ugezunn. Fir déi friem Gäscht ënnerzebréngen sinn am Éislek sou gutt wéi an der Klenger Lëtzebuerger Schwäiz eng ganz Rei Hotelsbetriber entstanen.
Um Scheedgen sinn oder waren dat der dräi.
D'Schmuelspuerstreck Lëtzebuerg-Iechternach genannt de Chareli hat eng Halt um Scheedgen déi aner Säit vum Hôtel de la Station op der Strooss fir op Konsdref. D'Distanz bis op Iechternach, vun der Scheedges Halt u gerechnet, mécht 5,1 km aus, dovu 4 km duerch de Bësch mat engem Gefäll vun 28 Promille.[7] Nom éischte km geet et duerch de sougenannte Grand Canyon, en Duerchbroch, dee fir de Chareli an de Fiels gesprengt gouf. D'Streck leeft dann am grousse Ganzen nobäi parallel mat der Baach, déi hei Deisterbaach[8] heescht. E gudde Kilometer nom Canyon kräizt s' eng Baach ouni Numm an de Wee fir an d'Kalkesbaach. Hei war d'Halt genannt Kalkesbaach.
D'Streck an d'Lauterbuererbaach lafen nach 2 km virun duerch de Bësch bis se um Lauterbuer op d'N11/E29 stoussen.
Zanter 1954 fiert de Chareli net méi. Seng Streck ass haut bei Cyclotouristen bekannt als Vëlospist PC2 (Lëtzebuerg-Iechternach).
Commons: Scheedgen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.