Bech
lëtzebuergesch Uertschaft, Chef-lieu vun der Gemeng Bech From Wikipedia, the free encyclopedia
Bech ass eng lëtzebuergesch Uertschaft an Haaptuert vun der Gemeng mat dem selwechten Numm.
![]() |
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Uertschaft Bech zu Lëtzebuerg. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Bech (Homonymie). |
Bech | |
---|---|
![]() Vue op Bech. | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Bech de: Bech |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Iechternach |
Gemeng |
![]() |
Buergermeeschter | Jill Goeres |
Awunner | 452 |
1. Januar 2022 | |
Koordinaten |
49° 45’ 07’’ N 06° 21’ 46’’ O |
|

Bech läit südlech vun der Nationalstrooss 11, tëscht der Schanz an Hierber, op enger Héicht vun ca. 300 m (NG-L).
Geschicht
D'Uertschaft Bech gouf eng éischt Kéier als Becche 862 als Besëtz vum Klouschter Iechternach ernimmt. Iwwer Beche huet sech den Numm zu "Bech" entwéckelt. 1095 war Bech, zesumme mat Ernzen, Lauterbuer Bollendorf, Steenem an Irrel, ee vun de wichtegste Klouschterhäff vum Klouschter Iechternach.
Tëscht dem 11. an dem 15. Joerhonnert hat d'Häre vu Bech hir Residenz am Duerf. Am 16. Joerhonnert hat de Mayer vum Klouschter déi weltlech Herrschaft do. 1473 goufen 8 Stéit gezielt, 1526 waren et der 10, 1537 just nach 4, an nom Drëssegjärege Krich der nëmme méi 3 Stéit, déi all an der Ënneschtgaass gewunnt hunn, dobäi koumen nach e puer verspreet am Bësch oder um Grasserbierg. 1815 war d'Zuel vun de Stéit op 34 eropgaangen. De Kär vum Duerf ëm d'Ënnescht- an d'Ieweschtgaass huet an der 2. Hallschent vum 19. Joerhonnert ugefaangen, sech auszebreeden: de Faubourg an d'Neidierfche si bebaut ginn. Ëm 1900 goufen déi éischt Haiser an der Beierwiss gebaut, an a vun den 1960er Joren u koum Äässe mat bäi, an d'Duerf ass laanscht seng Borde gewuess[1].
Kuckeswäertes
- Déi fréier Becher Gare (haut eng Mikrobrauerei), de Buffet vis-à-vis, den Tunnel an eng Bréck vun der fréierer Eisebunnsstreck Lëtzebuerg - Iechternach, déi all op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter agedroe sinn;
- De Geieschknapp bei Bech, eng vun de wéinege Wakelter- Dréchewisen am Land mat iwwer 500 Déieren-a Planzenaarten.
Literatur
- Josy Heintz: "Bech im Wandel der Zeiten." in: Lëtzebuerger Sonndesblat 15/1982, S.3.
Kuckt och
Um Spaweck
Commons: Bech – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
- Quell, wou net anescht uginn: Mayer, Christina, 2010, Topographie der Baukultur des Großherzogtums Luxemburg, Band 1: Kanton Echternach. Ministère de la culture, Service des sites et monuments nationaux, ISBN 978-2-495-15120-7, S.117-118.
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.