SETI-Institut
From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
De SETI-Institut (SETI= Search for Extraterrestrial Intelligence) ass eng regierungsfräi Organisatioun ouni Gewënnzweck, déi sech mat der Sich no intelligentem ausserierdesche Liewe befaasst.[1] E gouf den 20. November 1984 als privat allgemeng nëtzlech Entreprise gegrënnt a gëtt vu ville Sponsoren ënnerstëtzt. Dozou gehéieren z. B. d'NASA, awer och Entreprisë wéi Hewlett Packard. Den Haaptsëtz ass zu Mountain View am Santa Clara County.
Zil vum SETI-Institut ass d'Fuerschen, d'Verstoen an d'Erkläre vum Urspronk vun der Natur a vum Liewen am Universum. Dofir gi Radioteleskope benotzt. Ufanks 2011 hat d'Institut aus Geldnout d'Fuerschung mam Allen Telescope Array missen ënnerbriechen.[2] Am November 2011 konnt d'Fuerschung mam ATA weiderfueren, nodeem eng weider Finanzéierung vu private Sponsoren a vum Air Force Space Command koum.[3],[4]
De SETI-Institut mécht beim Projet NEOShield mat.
Remove ads
Kuckt och
- SETI@home
- Astrobiologie
Um Spaweck
- Websäit vun der Organisatioun
- (en) SETI Institute Lectures bei YouTube
- SETI Institute Weekly Colloquium ofgeruff de 27. September 2013
Referenzen
- Frequently Asked Questions seti.org, ofgeruff den 12. Mäerz 2012
- US-Militär sponsert Alien-Jäger spiegel.de
- The Allen Telescope Array: SETI's Next Big Step skyandtelescope.com, ofgeruff den 22. Februar 2012.
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads