Roger Penrose
From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Sir Roger Penrose OM, gebuer den 8. August 1931 zu Colchester, (Essex) ass en englesche Mathematiker an theoreetesche Physiker, deem seng Aarbechten op de Gebidder vun der mathematescher Physik an der Kosmologie héich unerkannt sinn. Hien huet sech och a ville populärwëssenschaftleche Bicher zu Theme vun der Philosophie ausgeschwat.
Roger Penrose | |
---|---|
Gebuer |
8. August 1931 Colchester |
Nationalitéit | Vereenegt Kinnekräich |
Educatioun |
University College London, Universitéit vu Cambridge |
Aktivitéit | Mathematiker, Physiker, Philosoph, Universitéitsprofesser, Astronom, Astrophysiker |
Member vun | Royal Society, Accademia Nazionale dei Lincei, National Academy of Sciences, British Humanist Association, Oxford University Scientific Society, Polnesch Akademie vun de Wëssenschaften, American Academy of Arts and Sciences, Academia Europaea |
Famill | |
Bestuet mat | Vanessa Thomas, Joan Isabel Wedge |
Papp | Lionel Penrose |
Mamm | Margaret Leathes |
Geschwëster | Shirley Hodgson, Jonathan Penrose, Oliver Penrose |
De Roger Penrose ass de Jong vum medezinesche Geneetiker Lionel Penrose (Grënner vum Colchester Surveys fir d'Opklärung vu geneeteschen, respektiv Ëmwelt-Ursaache vu geeschtege Krankheeten) a vun der Margaret Leathes, enger Doktesch. Hien ass de Brudder vum Physiker Oliver Penrose, gebuer 1929, an dem zéngfache (1958–1969) brittesche Schachmeeschter a Psycholog Jonathan Penrose (*1933-†2021). Säi Papp wandert am Joer 1939 op London an Ontario, Kanada aus a gouf do am Spidol Direkter vun der psychiatrescher Klinick.
1945 ass d'Famill zeréck no England gezunn, an de Penrose huet den University College zu London besicht, wou säi Papp Professer fir Geneetik war. Nom Diplom wiesselt hien op d'Universitéit vu Cambridge, fir an algebrescher Geometrie beim William Vallance Douglas Hodge ze schaffen, wiesselt dann awer bei den John Arthur Todd, wou hien am Joer 1957 säin Doktorat mécht. Dernieft goung hien a Physikscourse beim Paul Dirac an Hermann Bondi a gouf ausserdeem staark vum Kosmolog Dennis Sciama beaflosst.
1956/57 war hien Assistenzprofesser um Bedford College, wiesselt duerno als Research Fellow op de St. John's College zu Cambridge. 1959–1961 war hien an den USA op der Princeton Universitéit an op der Syracuse University, duerno 1961–1963 um King's College zu Cambridge an 1963/64 als Gaaschtprofesser op der University of Texas at Austin. 1964 gouf hien Dozent um Birkbeck College zu London an 1966 Professer fir ugewandte Mathematik.
1973 gouf hie Rouse Ball Professor op der Oxford University. Vun 1992 bis 1995 war de Roger Penrose President vun der International Society on General Relativity and Gravitation. 1998 emeritéiert hien a gouf Geometrie-Professer um Gresham College zu London.
An der Ëffentlechkeet ass de Penrose duerch seng populärwëssenschaftlech Aarbechte bekannt: A ville Bicher (Computerdenken, Schatten des Geistes, Das Große, das Kleine und der menschliche Geist) setzt hie sech mathematesch-physikalesch mat Problemer vum Bewosstsäin an der kënschtlecher Intelligenz auserneen. Zu senge wichtegsten Theese gehéiert d'Verwerfe vun der staarker KI-Hypothees: Dem Penrose no wäerte Computeren, also d'Kënschtlech Intelligenz, nimools all Facettë vun der mënschlecher Intelligenz kënnen erreechen; dem Kurt Gödel säin Onvollstännegkeets-Theorem géif dat ganz einfach verhënneren.
A sengem Meeschterwierk A Road to Reality. A Complete Guide to the Laws of the Universe vun 2004 versicht de Penrose, engem grousse Lieserkrees d'Fundamenter vun der Mathematik, der Physik an der moderner Kosmologie sou wäit bäizebréngen, datt och Net-Spezialisten déi rezent Theorien iwwer de Fonctionnement, den Ursprong an d'zukünfteg Entwécklung vum Universum kënnen zum Deel verstoen.
Seng wichtegst Entdeckung si wuel déi sougenannt Spin-Netzwierker, aus deene spéider d'Theorie vun der Loop-Quantegravitatioun an d'Twistor-Theorie entwéckelt goufen. Eng weider fundamental Erkenntnes an der Kosmologie geet op hien an de Stephen Hawking zeréck: de Saz vum Hawking-Penrose, no deem et keng Léisung vum Einstein senge Feldequatiounen ouni Singularitéiten (z. B. Urknall oder Schwaarz Lächer) gëtt. Spéider mécht de Penrose 1979 mat der Weylkrëmmungshypothes och e Virschlag, wéi den Zweeten Haaptsaz vun der Thermodynamik an der Kosmologie verwuerzelt ka sinn, a wéi sou engersäits de kosmologeschen Zäitfeil, anerersäits déi beandrockend observéiert raimlech Homogeenitéit an Isotropie vum Universum erkläert ka ginn.
De Penrose fuerdert d'Entwécklung vun enger Quantegravitatiouns-Theorie, respektiv d'Deitungen dovun an der Integratioun vu Prinzipie vum Einstein senger allgemenger Relativitéitstheorie. Dës nei Physik nennt hien OR-Physik.
De Penrose entdeckt 1974 e puer mateneen aartgläich kleng net-periodesch Ensembele vu Kachelen, besonnesch vill aperiodesch Koppelen. Mat dëse Kachelen (méi genee: mat zu hinne kongruente Kopien) kann d'Fläch parkettéiert ginn, awer keng vun dëse Parkettéierungen ass periodesch (dat heescht widderhëlt sech op exakt deemselwechte Wee). Si hunn awer ëmmer eng gewëssen Uerdnung a si fënnefzieleg (dréi-)symmetresch. Si ginn dofir quasiperiodesch genannt. Dës Penrose-Parkettéierunge sinn aus enger hierarchesch strukturéierter Packung vu reegelméissege Fënnefecker (kuckt ënnen) ofgeleet. 1984 goufen änlech Strukture bei Quasikristalle fonnt.
De Roger Penrose huet ënner anerem de Penrose-Dräieck, en Dräieck mat dräi rechte Wénkelen déi openee stinn, erfonnt. Dës Konstruktioun, déi an der Realitéit net méiglech ass, huet den hollännesche Graphiker M. C. Escher zu de Biller Waasserfall a Belvedere animéiert.
An der Mathematik gëtt Schéinheet dacks mat Einfachheet a Verbindung bruecht. De Penrose kënnt hei zu dem Resultat, datt an der Mathematik net Einfachheet als sollech schéin ass, mä virun allem onerwaarten Einfachheet.[1]
1955 entdeckt hien nach als Student d'Penrose-Inverse vu Matrizen.
Commons: Roger Penrose – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.