Remove ads
Persoun mat déiwe Kenntnisser an der Mathematik From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Mathematiker beschäftege sech mat der Weiderentwécklung vum Fachgebitt vun der Mathematik a mat der Applikatioun vun Erkenntnesser op praktesche Wäerter. D'Applikatioun vu mathematesche Methode féiert zu exakten Erkenntnesser an Aussoen, a bestëmmten Deelgebidder och zu quantitative Resultater (z. B. aus der Numerescher Mathematik an der Statistik).
D'Mathematiséierung déi all Dag méi grouss gëtt féiert dozou, datt Mathematiker a ville Beräicher agesat ginn, ë. a. Fuerschung an Entwécklung, an den Wirtschaftswëssenschaften, an der Versécherungsentreprise, am Ëffentlechen Déngscht (Schoulen an Universitéiten, Statistik), am Marketing, an der Meteorologie, an der Logistik, an der Bildveraarbechtung, an der Sécherheetstechnik an natierlech an der Informatiounstechnik.
Si kënnen op Spezialgebidder schaffen, sou z. B. Numeresch Mathematik, Statistik, Mathematesch Logik, Algeber, Geometrie, Analysen, Modelltheorie a Warscheinlechkeetstheorie. Well vill Verfaren an Technike sech och op aner Deelberäicher iwwerdroe loossen, ass eng Ofgrenzung an der Praxis schwéier.
De Studiecontenu am Grondstudium ëmfaasst an der Reegel: Analys, Linear Algeber, ugewannte Mathematik (Numeresch Mathematik oder Stochastik), e Walflichtfach.
Bestanddeeler vum Haaptstudium:
Commons: Mathematiker – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.