héchst Auszeechnung um Gebitt vun der Physik From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Nobelpräis fir Physik ass eng vu fënnef Kategorie vum Nobelpräis a gëllt als déi héchst Auszeechnung fir Leeschtungen um Gebitt vun der Physik. Hie gëtt zesumme mat deenen anere Kategorie vum Präis, mat Ausnam vum Friddenspräis, all Joer zu Stockholm den 10. Dezember iwwerreecht, dem Doudesdag vum Präisstëfter Alfred Nobel (1833–1896).
Nom Testament vum Nobel soll de Präis an d'Geld un déijéineg Persoun goen, déi an deem betraffene Gebitt der Mënschheet am vergaangene Joer dee gréissten Notze bruecht huet. De Präis ass a fënnef Kategorien agedeelt, op déi d'Präisgelder zu gläichen Deeler verdeelt ginn. De Physikpräis soll un deejéinege goen, deen "um Gebitt vun der Physik déi bedeitendst Entdeckung oder Erfindung gemaach huet". Den Nobelpräis gëtt an der Kinneklech Schweedescher Akademie vun de Wëssenschafte verginn.
Commons: Nobelpräis fir Physik – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Commons: Nobelpräisdréier fir Physik – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.