Nationalstrooss 3
Nationalstrooss zu Lëtzebuerg From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Nationalstrooss zu Lëtzebuerg From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Nationalstrooss 3 oder N3 och Diddenuewener Strooss genannt, ass eng lëtzebuergesch Nationalstrooss, an de Kantone Lëtzebuerg an Esch-Uelzecht. Se féiert vum Garer Quartier an der Stad bis op Fréiseng a vun do weider a Frankräich, wou se Uschloss un déi franséisch D653 huet.
Land | Lëtzebuerg |
---|---|
Gestioun | Administration des ponts et chaussées |
Ufank |
Lëtzebuerg, Nationalstrooss 2 |
Koordinaten | 49°36'27,25"N, 6°7'39,61"O |
Enn | Fréiseng |
Koordinaten | 49°30'22,39"N, 6°11'34,98"O |
Duerch | Lëtzebuerg, Hesper, Weiler zum Tuer, Fréiseng |
Längt | 13 km |
Vitesslimitatioun | 50 km/h, 70 km/h, 90 km/h |
Informatiounen a Websäiten | |
P & Ch | Beschreiwung vum Stroossennetz |
Fandom | Nationalstrooss 3 |
Laf an Uschlëss | |
Lëtzebuerg Metzer Plaz | N 2 CR 222 |
Lëtzebuerg Garer Plaz | N 50 = Al Avenue |
N 56 = Rue de Hollerich | |
Jean-Pierre- Büchler-Bréck | CFL-Linn Lëtzebuerg-Klengbetten Lëtzebuerg-Beetebuerg Lëtzebuerg-Péiteng |
Bouneweg | B 3 = Rocade de Bonnevoie N 40 = Boulevard de Kyiv CR 224 (l.) = Rue de Hesperange CR 224 (r.) = Rue de Neufchâteau |
Houwald | A 1 |
Hesper | Drosbech |
CR 159 = Rue de Bettembourg | |
Uelzecht | |
CR 159 = Rue d'Itzig | |
CR 226 = Allée de la Jeunesse Sacrifiée 1940-1945 | |
Alzeng | CR 154 = Rue de Syren |
CR 157 = Rue de Roeser | |
CFL-Linn Alzeng-Éiter | |
CR 162 | |
Schlammestee | CR 132 |
Fréiseng | Albaach |
N 13 | |
A 13 | |
D653 |
Si huet hiren Ufank an der Stad op der Metzer Plaz wou se vun der N2 fortgeet. Vun do féiert se iwwert d'Nei Avenue, dann iwwert d'Garer Plaz an d'Jean-Pierre-Büchler-Bréck iwwert d'Eisebunn op d'Diddenuewener Strooss. Do wou d'N40 fort geet, dréint se no lénks a leeft dann duerch Bouneweg, iwwert den Houwald an ënnert der Autobunn A1 erduerch bis op Hesper.
Vun do geet se virun iwwer d'Route de Thionville duerch Alzeng bis op de Schlammestee, wou se den CR132 kräizt.
Duerno geet et virun duerch d'Rue de Luxembourg bis an den Zentrum vu Fréiseng, wou se d'N13 (Dräikantonsstrooss) kräizt. No der Kräizung leeft se virun iwwert d'Rue Robert Schuman bis op d'franséisch Grenz, wou se an déi franséisch D653 iwwergeet. Kuerz virun der franséischer Grenz passéiert se nach e Rond-point wou se Uschloss un d'Autobunn A13 huet.
D'N3 ass ronn 13,0 km laang.
Si gehéiert op hirer ganzer Längt zu der Voie de la Liberté.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Nationalstrooss 40.
Commons: Nationalstrooss 3 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.