From Wikipedia, the free encyclopedia
E Laanschtfluch ass an der Raumfaart déi laanggestreckt Bunn vun enger Raumsond laanscht en Himmelskierper deen observéiert soll ginn, ouni datt e Bunnmanöver – fir eng Ëmkreesung oder Landung – gemaach gëtt.
Bei exakter Steierung vun der Sond kann d'Gravitatioun ausgenotzt ginn, fir déi weider Bunn vun der Sond – op eng gewënscht Manéier z'ännere fir weider bei en aneren Himmelskierper ze fléien. Déi Technik déi zanter 1980 gebraucht gëtt‚ gëtt Swing-by, Gravity-Assist oder Gravitatiounsmanöver genannt.
An den éischte Jore vun der Raumfaart ware Laanschtflich beim Äerdmound oder bei den Nopeschplanéiten déi eenzeg Méiglechkeet fir eng Fuerschung op Distanz vun aneren Himmelskierper. D'Brennschlussvitesse vun de fréieren Drorakéite konnt awer nach net sou exakt agehale ginn, wéi se fir no Laanschtflich noutwendeg gewiescht wier. Déi erreecht Minimaldistanz war dofir eng Mooss fir d'Genauegkeet an Verléisslechkeet, mat där d'Steierung vum Raumfluch erfollegt war. Eréischt wéi d'Prezisioun vun de Starte méi grouss gouf, ongeféier vun 1 Promille vun der Endvitesse un, koum och d'direkt Uviséiere vum Mound – also eng haart Landung – an de Beräich vun de Méiglechkeeten.
Déi éischt gelonge Laanschtflich beim Äerdmound waren déi vun der sowjetescher Moundsond Lunik 1 (2. Januar 1959) op enger Distanz vu 6.000 km an déi vun der US-amerikanescher Pioneer 4 (4. Mäerz 1959) op enger Distanz vu 60.000 km. Virdru gouf et allerdéngs siwe Feelstarten. Béid Sonden hu Stralungs- an Deelechersmiessungen tëscht Äerd a Mound gemaach a goufen no der Moundpassage kënschtlech Planéite vun der Sonn. Lunik 1 hat déi virausgesoten Existenz vum Sonnewand nogewisen.
Bei der sechster sowjetescher Moundsond Lunik 2 (12/13. September 1959) war et fir d'éischt gelongen en haarden Opschlag um Äerdmound ze maachen. Luna 3 (4/10. Oktober 1959) konnt nom Laanschtfluch déi éischt Funkfotoe vun der Moundrécksäit iwwerdroen an hat dat eenzegt Moundmier vun där Hemisphär entdeckt, d'Mare Moscoviense. No weidere véier Feelschléi vun der UdSSR souwéi den USA koum de Laanschtfluch vu Ranger 2 am November 1961, déi stomm haart Landunge vu Ranger 4 a Ranger 6 (1962/64) souwéi de Laanschtfluch vun Luna 4 (1963). Komplett erfollegräich waren eréischt d'Fotoen aus kuerzer Distanz zur Mounduewerfläch vum Ranger 7, Ranger 8 an Ranger 9 (1964/65) souwéi duerch Zond 3 (1965).
Déi éischt mëll Landunge waren 1966 mat der Luna 9 (UdSSR) an den 3 Surveyor-Sonde vun den USA gelongen.
Laanschtflich bei de béiden Nopeschplanéiten, der Venus an dem Mars, erfuerderen nach méi eng grous Prezisioun, déi sech nëmmen duerch nodréiglech Bunnmanöveren erreeche léisst. Si sinn eréischt no zwee resp. dräi Joer an no e puer Feelschléi gelongen.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.