Schwäizer Finanzmann a Politiker From Wikipedia, the free encyclopedia
De Jacques Necker, gebuer den 30. September 1732 zu Genf, a gestuerwen den 9. Abrëll 1804 zu Coppet, war e Schwäizer Finanzmann a Politiker am 18. Joerhonnert.
Jacques Necker | |
---|---|
Gebuer |
30. September 1732 Genf |
Gestuerwen |
9. Abrëll 1804 Genf |
Nationalitéit | Republik Genf, Frankräich |
Aktivitéit | Politiker, Banquier, Schrëftsteller, Universitéitsprofesser |
Famill | |
Bestuet mat | Suzanne Curchod |
Kanner | Madame de Staël |
Dräimol stoung den Necker als Generalkontroller vun de Finanzen am Déngscht vun der franséischer Monarchie ënner dem Louis XVI.: 1776, 1788 a 1789.
Hie war de Papp vun der Germaine Necker, Baronne vu Staël-Holstein (1766-1817), déi als Madame de Staël als Schrëftstellerin bekannt ginn ass.
De Jacques Necker war den zweete Jong vum Karl Friedrich Necker, Affekot zu Küstrin (Pommern) deen den 28. Januar 1726 Bierger vun der Republik vu Genf gi war, a senger Fra Jeanne Gautier.
Am Alter vun 18 Joer huet hien eng Carrière an der Bank Thélusson et Vernet ugefaangen, fir d'éischt zu Genf, spéider zu Paräis, a konnt am Joer 1756 ee vun den dräi Associéë vun der Bank Thélusson, Vernet et Necker ginn. Seng enorm Reussite als Banquier huet him erméiglecht, eng zolidd Zomm Suen op d'Säit ze leeën[1]. Als Syndic vun der Compagnie des Indes konnt hien der Compagnie zu neiem Liewe verhëllefen (1764), allerdéngs konnt hien näischt géint d'Opléisung am Joer 1770 géint säi perséinleche Géigner Morellet maachen.
E puer Kéieren, ënner anerem am Joer 1772 huet den Necker dem kinneklechen Tresor grouss Zommen zoukomme gelooss, wouduerch de Choiseul an den Abt Terray op hien opmierksam goufen.
Am Joer 1764 huet den Necker sech mat der Szuanne Curchod, Duechter vun engem Pastor, bestuet, déi e groussen Afloss op seng Carrière hat. Nodeem hien zum Minister vun der Republik vu Genf zu Paräis ernannt gi war (1768), huet hien - encouragéiert vu senger Fra - decidéiert an d'Politik ze goen. Hien huet sech 1772 aus de Finanzen zeréckgezunn, a seng Interesse vun der Bank u säi Brudder Louis weiderginn. 1773 huet hien en Éloge de Colbert erausbruecht, dee vun der Académie française gelueft gouf, a wou hien de Portrait vum ideale Minister beschreift. Hie presentéiert sech als pragmatesch a flexibel, am Géigesaz zum Generalkontroller vun de Finanzen Turgot. Als Symbol vum ekonomeschen Interventionismus vum Staat war de Colbert net nëmmen d'Antithes vum Turgot, mä och en Apostel vum ekonomesche Liberalismus.
A priori huet awer näischt drop higewisen, datt den Necker eng Funktioun fir d'franséischt Gouvernement iwwerhuele géif: als Protestant war d'Dir vum Conseil du roi fir hien ipso facto zou ; hien hat keng weider Kenntnisser zum Gouvernement oder der kinneklecher Administratioun, hien huet den Haff nëmme vun deem kannt, wat en a senger Funktioun als Resident vu Genf konnt gesinn. Den Necker huet och net vill gelies, a sou hat hien och net vill Anung vun der franséischer Geschicht, der politescher an administrativer Organisatioun.
Allerdéngs hat d'ëffentlech Meenung eng aner Usiicht. Den 19. Abrëll 1775 huet hie säin Essai sur la législation et le commerce de grains erausbruecht, wou hie géint d'Fräiheet vum Geschäft mam Kar argumentéiert huet, wat géint d'Physiokraten, zemools den Turgot an de Morellet, gaangen ass. Dëst Wierk war en enorme Succès an de Librairien, et koum grad richteg am Mielkrich eraus.
Dem Necker säin Opstig gouf aktiv vun de Membere vum Salon vun der Mme Necker ënnerstëtzt, a generell och vun de Philosophen, vun deenen den Necker vill Theorien unerkannt huet: a sengem Éloge de Colbert huet hien d'Proprietéit kritiséiert, déi hien - an der Linn vum Rousseau - beschëllegt, keen natierlecht Recht, mä e Gesetz vun de Mënschen ze sinn, wat op Kraaft an Ënnerdréckung baséiert[2]. Duerch seng sozial Roll justifiéiert hien d'Relioun an erkennt d'Moral nëmmen als Mëttel, fir d'Vollek rouegzehalen un. D'chrëschtlech Moral ass majoritär well si déi eenzeg ass, déi « puisse persuader avec célérité parce qu'elle émeut e même temps qu'elle éclaire »[3].
Den Necker gouf ënner anerem vum Maurepas, Haaptconseiller vum Louis XVI. ënnerstëtzt.
Den Doud vum Turgot sengem Nofollger, dem Clugny de Nuits huet dem Necker d'Geleenheet ginn, an d'Gouvernement eranzekommen. Als Protestant konnt hien awer net zum Generalkontroller vun de Finanzen ernannt ginn, well e mat dëser Funktioun am Conseil hätt misse sinn. Den 22. Oktober 1776 gouf hien zum Finanzconseiller an directeur général du Trésor royal ernannt. Den 21. Oktober gouf de Louis Gabriel Taboureau des Réaux offiziell zum Generalkontroller ernannt, mä a Wierklechkeet huet den Necker d'Fiedem am Hannergrond gezunn. Den Taboureau des Réaux ass den 29. Juni 1777 nees gaangen, ouni datt et e Remplacant gouf. Fir seng Wichtegkeet z'ënnersträiche krut den Necker den Titel vum directeur général des Finances[4].
Am Ministère ukomm huet den Necker direkt mat wichtege Reformen ugefaangen, mä net op soueng brutal Manéier wéi den Turgot. Dës Reforme waren administrativ, sozial a finanziell.
Op administrativem Plang huet den Necker d'Muecht vun der Generalkontroll vun de Finanze verstäerkt. Hien huet déi sechs Plaze vun den Intendante fir d'Finanzen an den Handel ofgeschaaft[5], genee wéi och déi 48 receveurs généraux des finances an de Generalitéiten[6], déi 27 trésoriers généraux[7] an d'Generalkontrollere vum Krich a vun der Marinn (November 1778). An d'Plaz vun dësen Offizéier, déi hir Plaz net konnte verléieren an déi op Kommissioun bezuelt goufen, huet den Necker Beamte gesat, déi erausgehäit konnte ginn, an eng fix Paye kruten[8].
Hien huet d'Kompetenz vun der Ferme générale op d'Gabelle, den Tubak an d'droits des traites et des entrées de Paris reduzéiert, an d'Unzuel vun de Fermiers généraux vu 60 op 40 erofgeschauft. D'Aides goufe vun enger Régie générale agesammelt, ëm d'Steieren op den Domaine huet sech eng Administration générale des domaines gekëmmert, déi vun Administratore mat fixer Paye dirigéiert gouf.
Den Necker wollt d'Muecht vun der Administratioun vergréisseren, awer och d'Willkür sou gutt wéi méiglech aus dem Wee schafen. Hien huet e Comité contentieux des finances gegrënnt, deen d'Arrêts de finances virbereede sollt, déi, obschonn se als Arrêtsë vum Conseil presentéiert goufen, net wierklech aus enger kollektiver Diskussioun entstane waren, mä vun de Finanzintendanze virbereet gi waren. D'kinneklech Deklaratioun vum 13. Februar 1780 huet festgeluecht, datt d'Taille nëmmen nach via Patentbréiwer déi d'Parlament enregistréiert hat, konnt erhéicht ginn. D'Verificatioune sollten nëmmen nach all 20 Joer virgeholl ginn[9].
Den Necker huet och speziell Assemblées provinciales an d'Liewe geruff, fir d'Muecht vum Parlament a vun den Intendants an de finanzielle Froe kleng ze halen, an huet hire Prinzip a sengem Mémoire au Roi sur l'établissement des administrations provinciales (1776) beschriwwen. Dës Versammlungen hunn en Ënnerscheed vun den dräi Stänn gemaach. Si konnte Steieren erhiewen a verdeelen, Stroossebauten dirigéieren, an dem Kinnek Representatioune maachen. Véier vun dësen Assembléeë goufen agefouert, wouvun zwou och direkt hir Aarbecht opgeholl hunn: Berry, Haute-Guyenne, Dauphiné a Bourbonnais.
Den Necker huet och nach probéiert, eng gewëssen Transparenz mat eranzebréngen. An deem Sënn huet hien och am Januar 1781 säi Compte-rendu au Roi erausbruecht, wou hien detailléiert beschriwwen huet, wéi d'kinneklech Finanze funktionéieren, d'Prinzipië vu senger Administratioun erkläert huet, an och op d'finanziell Situatioun vum Land agaangen ass.
Den Necker huet d'Meenung vun engem aktive Staat am sozialen an ekonomesche Beräich vertrueden, Iddien, déi och schonn de Colbert hat. Hien huet net dru gegleeft, datt e sougenannte laissez-faire an der Wirtschaft de Leit vill Guddes brénge géif. Fir e Gläichgewiicht an der Gesellschaft ass, nom Necker, eng Ënnerstëtzung vum Staat noutwänneg:
Hien huet eng Kommissioun fir d'Spideeler vu Paräis gegrënnt, souwéi eng weider fir eng Reform vun de Prisongen. Dës Kommissiounen hunn d'Basis vu grousse Reformen an dësen Institutiounen duergestallt: d'Prisonge vu Fort-l'Évêque a vum Petit Châtelet zu Paräis goufen zerstéiert ; en neie Prisong gouf an der rue du Roi-de-Sicile speziell fir Leit, déi duerch Verscholdung agespaart goufen ageriicht; um Enn vum Joer 1778 gouf en neien Hospiz vun de Parverbänn vu Saint-Sulpice a Gros-Caillou duerch e generéisen Don vun der Mme Necker ageriicht.
1779 huet den Necker d'Mainmorte fir d'kinneklech Territoiren ofgeschaaft. En Edikt vu 1780 huet de Spideler erlaabt, hiren Immobilier ze verkafen, an hir Fongen a Form vu Renten op de Kinnek oder d'Stänn ze placéieren.
D'Nominatioun vum Necker war duerch den akute Besoin vu Finanzmëttel nom Amerikaneschen Onofhängegkeetskrich begënschtegt, fir deen d'Preparatiounen am Juni 1776 lassgaange waren. De Krich war deier, e gouf souwuel zur Séi wéi och wäit ewech vu Frankräich ausgedroen, an eleng 1777 goufen 150 Millioune fir d'secours extraordinaires gezielt, d'Gesamtausgabe ginn op eng Milliard Livres geschat.
Op finanziellem Plang hat dem Necker seng Politik net vill Prinzipien. Hie war der Meenung, de Staat kéint sou vill Suen ausléinen, wéi néideg wieren, soulaang den ordinäre Budget ausgeglach wier. Well eng Steiererhéijung op kee Fall a Fro komm ass, engersäits duerch d'Politik, mä och aus Prinzip[10], huet de Rendement misse verbessert ginn, ënner anerem duerch reng Reform vun der Finanzadministratioun, an och andeems d'Ausgabe géife kleng gehale ginn.
Fir dëst z'erreechen, huet hie ganz klassesch Moossnamen ergraff: Reduktioun vun den Ausgabe vun der Maison du Roi[11], d'Pensioune goufe méi genee ënner d'Lupp geholl, fir e Mëssbrauch ze verhënneren[12], an d'Deklaratioune vum Akommes goufen iwwerpréift.
Fir de Krich ze finanzéieren, huet den Necker grouss Zomme Suen ausgeléint, ronn 530 Millioune Livres zu engem héijen Zënssaz.
Dem Necker seng Reforme goufen am Ufank mat Erstaunen a Bewonnerung opgeholl. Sou huet de Barong vu Besenval geschriwwen:
D'ëffentlech Meenung war begeeschtert vun engem Minister, deen et fäerdegbruecht hat, de Krich ze finanzéieren, ouni op eng Steiererhéigung zeréckzegräifen, an dat mat enger Kompetenz déi och déi Leit hu missen akzeptéieren, déi net onbedéngt vu sou "onorthodoxe" Methoden iwwerzeegt waren.
Mä den Necker huet sech net nëmme Frënn gemaach: wéi hien d'Ferme générale ugegraff huet, huet en der Finanzwelt de Réck gedréint an d'Parlamenter waren net wierklech begeeschtert vu sengen Assemblées provinciales. D'Reduktioun vun de Ausgabe vum Haff déi am Compte-rendu au Roi (Januar 1781) presentéiert goufen, hunn him mächteg Feinde verschaf.
Am Fréijoer 1781, koum et zu enger Intrig mam Zil dem Necker de Kapp ze kaschten. Eng Grupp vum Haff (parti de la Cour) zesumme mat de Bridder vum Kinnek, de Princes du Sang a groussen Hären huet d'Meenung agitéiert, ënner anerem duerch Libellisten, déi Pamphlete géint de Minister geschriwwen hunn, wouvu virun allem d'Lettre du marquis de Caracciole à M. d'Alembert (1. Mee 1781), warscheinlech aus der Fieder vum Calonne, e Protegé vum Vergennes a vum Grof vun Artois, dee gär dem Necker seng Plaz gehat hätt, am gehässegste war.
Enn [[Abrëll huet d'Paräisser Parlament refuséiert, en Edikt fir eng nei Assemblée provinciale am Bourbonnais z'enregistréieren. Dës Versammlungen hunn de Parlamenter en Deel vun hiren extra-judiciaire Kompetenze geholl, déi si natierlech net ouni Weideres verléiere wollten. Den Necker hat dëst an engem confidentielle Manuskript un de Kinnek 1776 festgehalen, mä vun deem op d'mannst sechs Kopien zirkuléiert sinn. Eng vun dëse Kopien huet dem President vum Parlament vun der Guyenne gehéiert, deem säi Jong, den Antoine Nicolas Waldec de Lessard, e Kollaborateur vum Necker war. E Pamphlet wat den 20. Abrëll 1781 u sechs Membere vum Paräisser Parlament geschéckt gouf, huet dem Minister seng Intentiounen däitlech gemaach[13]. Den Éischte President d'Aligre gouf op Marly geruff, an et gouf verbueden, weider iwwer de Memoire vu 1778 ze schwätzen. De Maurepas huet de Virschlag bruecht, de Genfer nees heemzeschécken.
De 16. Mee huet den Necker versicht, de Kinnek zu engem forcéierten Enregistrement ze bréngen, a gefuerdert, um Conseil deelhuelen ze kënnen. Dräi Deeg drop huet de Louis XVI. dem Necker seng Fuerderunge refuséiert. Den Necker huet den 19. Mee 1781 demissionéiert. D'Paräisser Bevëlkerung war net fuerchtbar begeeschtert vun dëser Nouvelle, a sou hu sech d'Awunner virum Schlass vu Saint-Ouen zesummefonnt, fir dem Necker ze weisen, datt hie bei hinnen nach ëmmer populär war.
Den Necker huet sech op Saint-Ouen zeréckgezunn. 1784 war hien an der Schwäiz fir Aarbechten hu sengem Schlass vu Coppet duerchzeféieren, an ass 1785 duerch Frankräich gereest. Hien huet en neit Buch erausbruecht, De l'administration des finances, e kompletten Traité zu de Finanzen an dräi Volumen, wat e grousse Succès war.
1787 huet de Calonne den Necker virun der Notabeleversammlung ugeklot, d'Meenung bedrunn ze hunn, a falsch Renseignementer a sengem Compte-rendu au Roi virgeluecht ze hunn: laut dem Calonne gouf et an de Konte vum Joer 1781 keen Excédent, wéi den Necker behaapt hat, mä en Defizit vu 50 Milliounen. Den Necker huet dem Calonne seng Zuelen nees a Fro gestallt. Doduerch gouf hien aus Paräis exiléiert.
Nom Echec vum Calonne stoung déi franséisch Monarchie virum virtuelle Bankrott. Fonge waren noutwenneg, a sou huet de Louis XVI. den Necker nees zeréckgeruff, an him de 25. August 1788 den Titel vum Directeur général des finances ginn. Zwéin Deeg méi spéit krut den Necker den Titel vum Staatsminister, wat him d'Dir zu de Conseilsën opgemaach huet.
Dës nei Positioun an d'Ëmstänn hunn den Necker erméiglecht, eng ganz wichteg politesch Roll ze spillen. Hien huet d'Paräisser Parlament nees zeréckgeruff, d'Deputéiert waren exiléiert ginn. Hien huet och en Datum fir d'Aberuffe vun de Generalstänn virgeschloen an huet am November 1788 eng Notabeleversammlung aberuff, fir festzeleeën, wéi d'Membere vun de Generalstänn missen erausgesicht ginn. Och d'Punkte vun der Wal goufen ugeschnidden, mat der Representatioun vum Drëtte Stand. Bei dësem leschte Punkt war dem Necker kloer, datt d'Versammlung d'Fuerderungen net géif akzeptéieren, mä hie selwer huet awer d'Verdueblung vun der Stëmm vum Drëtte Stand ënnerstëtzt, wat zu senger Beléiftheet bäigedroen huet. Hie gouf als "patriotesche Minister" ugesinn.
Well de Weess knapps gi war, huet den Necker d'liberal Moossnam vum Loménie de Brienne ausser Kraaft gesat: hien huet d'Exportatioun vu Kar de 7. September 1788 verbueden, geneesou wéi den Akaf baussent dem Maart (23. November 1788); hien huet Kar am Ausland akaf, Primen op d'Importatioune ginn, an der Police d'Muecht ginn, sech drëm ze këmmeren, datt d'Kar och um Maart ukomm ass (22. Abrëll 1789).
Op finanziellem Plang huet den Necker en Dekreet vum Brienne réckgängeg gemaach, a versicht déi 70 Milliounen anzedreiwen, fir d'Scholde bis zu de Generalstänn ze bezuelen[14].
Wéi d'Generalstänn opgaange sinn, gouf dem Necker seng Ried, déi sech virun allem mat finanzielle Froe beschäftegt huet, schlecht opgeholl, d'Deputéierten haten nëmmen d'Modalitéite vun der Ofstëmmung am Kapp. Den Necker huet refuséiert, bei der kinneklecher Séance vum 23. Juni 1789 dobäi ze sinn, wou de Louis XVI. festgeluecht huet, wéi wäit e bei de Konzessioune fir den Drëtte Stand géif goen. Den 11. Juli huet de Kinnek den Necker wéinst senger « condescendance extrême » vis-à-vis vun de Generalstänn erausgehäit. De Minister huet Frankräich verlooss an ass den 13. Juli zu Bréissel ukomm. Vun do goung et weider op Basel (20. Juli). D'Erausgeheie vum Necker gouf vun der Bevëlkerung ganz schlecht opgeholl, an huet zu den Opstänn de 14. Juli bäigedroen.
De 16. Juli 1789 huet de Louis XVI. den Necker nees missen zeréckruffen. Hien huet den Titel vum Premier ministre des finances kritt. Zimmlech séier huet hie sech géint d'Assemblée constituante gestallt, an domat virun allem géint de Mirabeau. D'Deputéiere ware mat de finanzielle Virschléi vum Necker, déi op traditionell Methode vun de Prêtsen opgebaut waren, net averstanen. De Necker sengersäits huet sech géint d'Assignatsë gestallt. De Mirabeau sot den 1. September 1790 zum Kinnek:
Ënner dëse Konditiounen ass dem Necker näischt anescht iwwereg bliwwen, wéi ze demissionéieren, wat hien den 3. September 1790 gemaach huet. Hien huet sech duerno an d'Schwäiz op d'Schlass vu Coppet zeréckgezunn, wou hie weiderhi Wierker geschriwwen huet. Hien ass den 9. Abrëll 1804 gestuerwen.
Dem Necker säi ganzt Wierk gouf gesammelt an ass als Œuvres complètes de M. Necker publiées par M. le Baron de Staël, son petit-fils... zu Paräis bei Treuttel et Wurtz vun 1820-1821, 15 Vol., in-8° erauskomm.
Commons: Jacques Necker – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Virgänger: Louis Gabriel Taboureau des Réaux | Generalkontroller vun de Finanzen 1776 - 1781 | Nofollger: Jean-François Joly de Fleury |
Virgänger: Claude Guillaume Lambert | Generalkontroller vun de Finanzen 1788 - 1790 | Nofollger: Franséisch Revolutioun |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.