Aart vun de Séissgrieser From Wikipedia, the free encyclopedia
Weess ginn eng Rëtsch Aarte vun de Séissgrieser (Poaceae) an der Gattung Triticum L. genannt. Etymologesch kënnt den Numm Weess vu "Wäiss"; d'Faarf vun deem, wat aus dëser Fruuchtzort gemaach gëtt, nämlech wäisst Miel.
Triticum | |
Wëssenschaftlech Klassifikatioun | |
---|---|
Räich | Planzeräich |
Iwwerofdeelung | Somplanzen |
Ofdeelung | Bléieplanzen |
Klass | Commelinidae |
Uerdnung | Poales |
Famill | Séissgrieser |
Wëssenschaftlechen Numm | |
Triticum | |
L., 1753 | |
Weess ass, wat d'Klima, de Buedem an d'Waasserversuergung ubelaangt, méi kriddeleg wéi aner Fruuchtzorten.
Wanterweess, déi geleefegst Zort zu Lëtzebuerg, gëtt am Hierscht ausgeséit. D'Fruucht ass dat Joer drop zeideg. All Planz huet 2 bis 3 Ieren, an an all Ier si 25 bis 40 Kären. Op engem Quadratmeter kënnen 350 bis 700 Hällem wuessen, soudatt 70 Balle Weesskäre pro Hektar (heiansdo alt bis zu 110 Ballen um ha) eragefuer kënne ginn. Keng aner Fruuchtzort huet sou ee Rendement.
Déi zeideg Käre bestinn zu 60 % aus Steif, zirka 12 % Eewäiss, zirka 2 % Fett an zirka 14 % Waasser.
Summerweess gëtt sou fréi wéi méiglech am Fréijoer geséint. E gëtt manner Käre wéi de Wanterweess, déi hunn awer méi Proteinnen.
Déi verschidde Weessaarte sinn nom Mais déi Zort Fruucht, déi am meeschten op der Welt ugebaut gëtt. A ville Länner ass de Weess fir d'Mënschen eent vun de Grondliewensmëttel (aus sengem Miel gëtt Brout gebak) a spillt och eng wichteg Roll als Déierefudder. Haarde Weess gëtt geholl, fir Deegwueren ze maachen.
Am Joer 2005 goufe weltwäit 629.566.041 Tonne Weess rekoltéiert. 15 Länner produzéiere ronn 80 % dovun.
Plaz | Land | Quantitéit (an 1000 t) |
Plaz | Land | Quantitéit (an 1000 t) |
---|---|---|---|---|---|
1 | China | 96.340 | 9 | Pakistan | 21.591 |
2 | Indonesien | 72.000 | 10 | Tierkei | 21.000 |
3 | USA | 57.106 | 11 | Ukrain | 18.700 |
4 | Russland | 47.608 | 12 | Argentinien | 16.000 |
5 | Frankräich | 36.922 | 13 | Vereenegt Kinnekräich | 14.950 |
6 | Kanada | 25.547 | 14 | Iran | 14.500 |
7 | Australien | 24.067 | 15 | Kasachstan | 11.070 |
8 | Däitschland | 23.578 | Welt | 629.566 | |
Lëtzebuerg am Verglach | 70 |
Quell: FAO, Faostat, 2006.
Zu Lëtzebuerg louch d'Produktioun vu Wanterweess 1990 bei 39.657 Tonnen, 2011 bei bal duebel sou vill: 73.048 Tonnen. Beim Summerweess waren et just 3.854 Tonnen (1990), respektiv 2.274 Tonnen (2011).[1]
De Weess, dee mer haut kennen, kënnt hir vun enger Kräizung vu verschiddene Fruucht- a Wëllgraszorten.
Déi éischt Zorten waren den Triticum monococcum (de: Einkorn) an den Emmer (Triticum dicoccum). Weess kënnt aus dem Noen Osten. E gëtt op d'mannst zanter 7.800 v. Chr. ugebaut an ass, nom Geescht, déi zweeteelst Aart vu Fruucht. An Europa gouf en awer eréischt zanter dem 11. Joerhonnert populär, wou d'Wäissbrout Moud ginn ass
Bestanddeeler | Mineralstoffer pro 100 g | Vitaminnne pro 100 g | |||
---|---|---|---|---|---|
Waasser | 10,42 % | Calcium | 34 mg | Thiamin (Vitaminn B1) | 0,41 mg |
Eewäiss | 10,7 % | Eisen | 5,4 mg | Riboflavin (Vitaminn B2) | 0,11 mg |
Fett | 2,0 % | Magnesium | 90 mg | Niacin | 4,77 mg |
Kuelenhydraten | 75,36 % | Phosphor | 402 mg | Pantothensaier | 0,85 mg |
Ballaststoffer (Deel vun de Kuelenhydraten) | 12,7 % | Kalium | 435 mg | Vitaminn B6 | 0,38 mg |
Mineralstoffer | 1,5 % | Natrium | 2 mg | Folsaier | 0,04 mg |
Zénk | 3,5 mg | Vitaminn E | 1,44 mg | ||
Koffer | 0,43 mg | ||||
Mangan | 3,40 mg | ||||
De Brennwert ass 1425 kJ op 100 g.
Commons: Triticum – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.