Periodique From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Télécran. Das Luxemburger Magazin ass eng lëtzebuergescher Zäitschrëft, déi den 21. Januar 1978 fir d'éischt erauskoum. Et ass en Televisiouns- a Fräizäitmagazine, deen am Ufank vun den Éditions Plus erausgi gouf. Dohanner stounge fréier Mataarbechter vun der Revue; d'Sankt-Paulus-Dréckerei, déi e gdréckt huet, hat ee Fënneftel vum Kapital.
Am Oktober 1978 huet d'St.-Paulus-Dréckerei d'Zäitschrëft ganz iwwerholl, de Rémy Franck gouf Chefredakter. Mat der Revue louch den Télécran méi wéi eemol am Clinch - och alt viru Geriicht - wien déi héchst Oplo hätt.
Verkaaft Oplo, wéi se vum Centre d'information des médias vu Bréissel begleewegt gouf:[1]
uganks 2000 | ... | 4. Trimester 2008 | 2. Tr. 2009 | 4. Tr. 2009 | 2. Tr. 2010 | 4. Tr. 2010 |
---|---|---|---|---|---|---|
37.357 | ... | 33.485 | 32.760 | 32.534 | 31.846 | 31.734 |
2005/2006 hunn, der Statistik vum TNS ILRES PLURIMEDIA no, duerchschnëttlech 34,3 % vun der Lëtzebuerger Bevëlkerung iwwer 15 Joer bannent enger Woch den Télécran gelies. 2006/2007 waren dat der 33,60%; 2007/2008 31,80% an 2008/2009 31,50%.[2] D'Zuele fir 2009/2010 goufen net public gemaach.[3] 2011 waren et 28,50 %[4]
Tëscht 2009 an 2016 ass d'Lieserschaft ëm e Véirel zeréckgaangen.[5]
Der TNS-ILRES Plurimedia Etude 2017.I no hunn tëscht Februar 2016 a Februar 2017 (mat Ausnam vun der Summervakanz) an der Moyenne all Woch 93.500 Leit iwwer 15 Joer den Télécran gelies (19,4 % vun der Wunnbevëlkerung).[6]
2011 huet den Télécran 401 758 € staatlech Pressehëllef kritt.[7]
De Layout gouf mat der Nummer vum 6. Oktober 2016 fir d'lescht geännert.[5] Dee vu virdrun war den 2. Mee 2007 agefouert ginn. Deemools war d'Format e bësse vergréissert ginn, an en neit Schrëftbild a "großzügige Freiflächen" waren ageriicht ginn.
De Begrëff "Télécran" ass e sougenannt Portmanteau-Wuert, dat an der franséischer Iwwersetzung vum George Orwell sengem Roman Nineteen eighty-four, fir den englesche Begrëff telescreen fir d'éischt gebraucht gouf. Gemengt domat sinn do eng Zort Iwwerwaachungsecranen, déi gläichzäiteg Videobiller senden an Iwwerwaachungskamera sinn.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.