De Jean-Louis ("Jean-Lou") Siweck, gebuer den 12. Dezember 1970 an der Stad Lëtzebuerg[1], ass e lëtzebuergesche Journalist. Hien ass vum 16. September 2021 un Direkter vum Radio 100,7 [2]. Virdru war hie vum 1. Mee 2018 u Generaldirekter vun Editpress, wou hien Nofollger vun der Danièle Fonck gouf.[3] Nach virdru war hie vun November 2013 bis September 2017 Chefredakter vum Luxemburger Wort.

Séier Fakten Gebuer, Aktivitéit ...
Jean-Louis Siweck
Gebuer 12. Dezember 1970
Lëtzebuerg
Aktivitéit Journalist
Zoumaachen

De Jean-Lou Siweck huet Journalistik op der Université libre de Bruxelles studéiert. Duerno war hien um Collège d'Europe zu Bruges.

Vun 1998 bis 2000 a vun 2002 bis 2004 huet hie fir d'Wochenzeitung d'Lëtzebuerger Land geschafft. Dertëscht war hien e Joer am Generalsekretariat vun der Banque générale du Luxembourg[4] an dono Redakter an der Dageszeitung Le Quotidien. Vun 2004 bis Oktober 2013 war e wirtschaftleche Beroder vum Premierminister Jean-Claude Juncker. Den 1. November 2013 gouf hien zum Chefredakter vum Luxemburger Wort ernannt.[5].

Enn September 2017 huet hien, no Divergenze mam Verwaltungsrot zur Ligne éditoriale, d'Wort verlooss[6] an ass zanter dem 1. November nees Conseiller am Staatsministère[7]. Den 19. Januar 2018 gouf hie vum Ministerrot an de Verwaltungsrot vum Radio 100,7 genannt[8], wou hien den 30. Mäerz 2018 vum Jacques Thill ofgeléist gouf[9].

Gielercher

Um Spaweck

Referenzen

  1. Fiche biographique op paperjam.lu.
  2. "Jean-Lou Siweck à la direction d'Editpress." paperjam.lu, 12 Mars 2018, 19:30.
  3. "Die Führungsebene" op bgl.lu, gekuckt: 2013-11-08.
  4. "Jean-Lou Siweck quitte le Luxemburger Wort." wort.lu, 21. September 2017 um 16:30.
  5. (fr)Ministère d’État - Promotion générale dans les Ordres nationaux - Nominations. data.legilux.public.lu (25.05.2023). Gekuckt de(n) 23.02.2024.

Wikiwand in your browser!

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.

Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.