Tilleschgaass
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Tilleschgaass (offiziell: Rue Saint-Ulric) ass eng Strooss am Gronn an der Stad Lëtzebuerg.
Séier Fakten Numm, Fréieren Numm ...
Numm |
lb: Tilleschgaass fr: Rue Saint-Ulric |
---|---|
Fréieren Numm |
fr: Rue de Thionville Rue Saint-Udalric[1] |
Längt | ca. 220 m |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Lëtzebuerg |
Uertschaft | Lëtzebuerg |
Quartier | Gronn |
Postcode | 2651 |
Koordinaten |
49° 36’ 28.11’’ N 06° 08’ 09.45’’ O |
Zoumaachen
Si huet hiren Ufank Op der Schmëdd bei der Bréck déi am Gronn iwwer d'Uelzecht féiert[2], wou se Uschloss un d'Montée du Grund, d'Plaetisgaass, d'Sosthène-Weis-Strooss an un d'Rue Munster huet, déi da weider an d'Tréierer Strooss féiert. D'Tilleschgaass geet da bis bei d'Bréck wou d'Péitruss an d'Uelzecht leeft a fënnt do den Uschloss un de Berliner Wee[3].
D'Reschter vun der fréierer Schleis, sou wéi d'Haiser vun den Nummeren 1 bis 39, goufen tëscht 1989 an 1990 als national Monumenter klasséiert.[4]