D'Gronn-Schleis am Gronn vun der Stad Lëtzebuerg war en Deel vun der Festung Lëtzebuerg. Si gouf 1731 vun den Éisträicher iwwer d'Uelzecht ewech gebaut an 1867 beim Schleefe vun der Festung zu engem groussen Deel zerstéiert.
Reschter vun der Gronn Schleis (lénksen Uwänner) | |
Land | Lëtzebuerg |
---|---|
Gemeng | Lëtzebuerg |
Koordinaten | 49°36'27,5472"N, 6°8'12,6863"O |
Datum vum Bau | 1731 |
D'Schleis, éischter am Fong e Wier, war geduecht, am Fall vun engem Ugrëff den Dall, engersäits vun der Uelzecht bis op Hamm, an anerersäits vun der Péitruss bis bei d'Bourbon-Schleis z'iwwerschwemmen, an et sou dem Géigner onméiglech ze maachen, sech do nidderzeloossen oder vun do aus unzegräifen.
Se bestoung aus enger décker Mauer vu Fielswand zu Fielswand déi den Dall komplett ofgeschloss huet. Eenzeg eng Paart an der Tilleschgaass, eng Ëffnung (an 3 Segmenter) fir den Duerchfloss vum Waasser, an eng weiderer an engem Säitenaarm vun der Uelzecht, hunn den Duerchgang fir Mënsch a Floss erméiglecht. Am Fall vun engem Ugrëff wieren d'Paart an d'Duerchflosslächer zougemaach ginn, sou datt d'Waasser sech no an no bis op eng Héicht vu gutt 2-3 Meter gestaut hätt. Iwwer dem Flossduerchlaf war en Iwwerlaf agebaut, duerch deen d'Waasser dann hätt kënne virulafen.
D'Schleis ass awer ni zum Asaz komm.
Den 28. Juli 1989 gouf s'als nationaalt Monument klasséiert.[1]
Biller
- Vue vun der Rumm op d'Reschter vun der Gronn-Schleis.
- Iwwerreschter vun der bannenzeger Architektur.
- De Gronnbierg, 1893. Charles Bernhoeft
Um Spaweck
Commons: Gronn-Schleis – Biller, Videoen oder Audiodateien |
| |||
Gréngewalder Front Tréierer Front Diddenuewener Front Neipaartsfront Paarten, Schleisen a Brécken |
Referenzen
- Schabloun:SSMN-JL
Wikiwand in your browser!
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.