Dräi Tierm
From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
D'Dräi Tierm, och alt Porte du Pfaffenthal genannt, gehéieren zu den eelste Bauwierker an der Stad Lëtzebuerg. De mëttleren, véiereckegen Tuerm war en Deel vun der zweeter Stadmauer a gouf ëm 1050 gebaut. Déi zwéi ronn baussenzeg Tierm koume warscheinlech Mëtt vum 13. Joerhonnert dobäi.
Remove ads

Datt d'Tierm beim Schleefe vun der Festung net och hu missen dru gleewen, féiert de Roger Bour drop zeréck, datt se deemools nach bewunnt waren. De Capitaine Weydert vun der Fräiwëllegekompanie huet do bis zum Ufank vum 20. Joerhonnert gelieft.
D'Tierm hu spéiderhin als Prisong gedéngt an et heescht datt d'Guillotine, wa se net grad anzwousch gebraucht gouf, do ënnerbruecht war.
Nach haut droen d'Giichtercher am Prisong vu Schraasseg um Kollie vun hirer Uniform den Emblème mat den Dräi Tierm.
Remove ads
Tourismus
D'Tierm selwer kënnen net besicht ginn, mä sinn en Unzéiungspunkt fir d'Touristen déi d'Stad besichen. Virum Gebai, beim Spueneschen Tiermchen, do wou d'Montée de Pfaffenthal op de Boulevard Jean-Ulveling an de Boulevard Victor-Thorn stéisst, huet een eng schéi Vue op de Pafendall an op de Kierchbierg.
Literatur
- Müller, Leo: Die Festung Luxemburg - Streifzüge durch Luxemburgs Geschichte und Gegenwart ; Lëtzebuerg, Verlag vun der Sankt-Paulus Dréckerei, 1932
- Bour, Roger: Stadt und Festung Luxemburg von A-Z; Lëtzebuerg, Éditions Saint-Paul, 1992
Biller
- 1905
- Ufank vum 20. Joerhonnert (Foto Charles Bernhoeft)
Um Spaweck
Commons: Dräi Tierm – Biller, Videoen oder Audiodateien |
| |||
Gréngewalder Front Tréierer Front Diddenuewener Front Neipaartsfront Paarten, Schleisen a Brécken |
Remove ads
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads