Ee vun de 24 offizielle Quartiere vun der Stad Lëtzebuerg From Wikipedia, the free encyclopedia
De Gronn, och dacks Stadgronn genannt[1], ass eng Kadastersektioun an ee vun de 24 offizielle Quartiere vun der Stad Lëtzebuerg.
Gronn | |
---|---|
An anere Sproochen |
fr: Grund de: Grund |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Lëtzebuerg |
Gemeng | Lëtzebuerg |
Buergermeeschter | Lydie Polfer (DP) |
Awunner | 1.030 |
31. Dezember 2022 | |
Fläch | 30,03 ha |
Héicht | 293,3 m |
Koordinaten |
49° 36’ 31.8’’ N 06° 08’ 13.1’’ O |
Websäit | https://www.vdl.lu/fr/la-ville/en-bref/les-24-quartiers-de-la-ville/grund |
De Gronn läit an engem Deel vum Uelzechtdall a vum Péitrussdall südëstlech vum Stadzentrum. De Gronn grenzt un d'Stater Quartieren: (am Auerzäresënn) Pafendall, Clausen, Zens, Polvermillen, Bouneweg-Nord, Gare an Uewerstad.
De Gronn huet eng Nord-Süd-Ausdeenung vun 0,78 km an eng Ost-West-Ausdeenung vun 0,91 km. An der Héicht erstreckt sech de Gronn vun 245 m bis 293,3 m[2].
Um Enn vum Fréimëttelalter hu sech um Ufer vun der Uelzecht Handwierker néiergelooss, déi d'Waasser vum Floss gebraucht hu fir schaffen ze kënnen. 1083 huet de Grof Konrad eng Abtei gestëft, d'Abtei Almënster. Zu där Zäit gouf et schonn zwou Kierchen am Uelzechtdall ronderëm de Bockfiels: Sankt-Ulrich, bei der Mëndung vun der Péitruss, a Sankt-Matthäus am Norden, bei der Réimerbréck am Pafendall. D'Kierchtierm kéinte gläichzäiteg Wuechttierm gewiescht sinn, fir den Zougang zum Dall an d'Brécken am A ze halen[3].
Sou huet sech d'Ënnerstad gebilt, déi uganks nach ante portas louch, bis datt s'am 14. Joerhonnert vun der drëtter Stadmauer, déi op de Wenzel II. zeréckgeet an dofir och nach Wenzelsmauer genannt gëtt, protegéiert gouf.
Wéi d'Abtei Almënster am Joer 1543 zerstéiert gouf, sinn d'Benediktiner an de Gronn an den Hospice Saint-Jean geplënnert an hunn do d'Abtei Neimënster gegrënnt, déi no engem Brand am Joer 1684 nees opgebaut gouf an nach haut besteet. Haut ass do de Kulturzentrum Neimënster.
De 26. Juni 1807 huet de Blëtz an de Polvertuerm um Verluerekascht ageschloen. Do waren 11.200 kg Polver, 2.500 Kanounekugelen a Kartusche gelagert déi dee Moment explodéiert sinn. De Stadgronn gouf duerch d'Drockwell am uergste getraff: D'Haiser goufe schwéier beschiedegt a Beem goufen ëmgehäit. 32 Persoune koumen ëm d'Liewen an 120 goufen der schwéier blesséiert, dorënner vill Kanner. De Schued gouf op 1 Millioun Goldfrang geschat[4].
Well vun uganks 19. Joerhonnert bis 1984[5] déi zwéi Prisonge vum Land am Gronn louchen, stoung den Ausdrock "am Gronn sinn" (oder "sëtzen") euphemistesch fir "am Prisong sinn". De Fraeprisong war am Hospice Saint-Jean, dem haitegen Naturmusée, an de Männerprisong war an der Abtei Neimënster.
Vum Haff vun der Cité judiciaire um Helleg-Geescht-Plateau an der Uewerstad kënnt ee mat engem Lift, deen 1987 gebaut gouf, erof an de Gronn.
1994 gouf d'Festung an déi al Quartiere vun der Stad Lëtzebuerg, dorënner och de Gronn, als eng Plaz vum Weltierwe vun der UNESCO klasséiert.
Zwee Kulturhaiser drécken am 21. Joerhonnert der kultureller Offer am Gronn hire Cachet op: de Kulturzenter Neimënster (Centre culturel de rencontre Abbaye de Neumünster) an den Nationalmusée fir Naturgeschicht (Naturmusée). Do dernieft ass de Gronn hautdesdaags virun allem fir säin Nuetsliewe beléift mat senge Caféen a Restauranten.
Op den 31. Dezember 2022 hunn am Gronn 1.030 Leit gewunnt. Den Undeel vun de Lëtzebuerger louch bei 40,35 % géintiwwer 59,65 % Auslänner[9].
Rang | Nationalitéit | Awunner | Prozent |
---|---|---|---|
TOTAL | 1 030 | 100,00 | |
1 | Lëtzebuerg | 416 | 40,39 |
2 | Portugal | 109 | 10,58 |
3 | Frankräich | 105 | 10,19 |
4 | Italien | 63 | 6,12 |
5 | Däitschland | 24 | 2,33 |
6 | Vereenegt Kinnekräich | 20 | 1,94 |
7 | Belsch | 18 | 1,75 |
8 | Spuenien | 16 | 1,55 |
9 | Schweden | 14 | 1,36 |
10 | Holland | 13 | 1,26 |
Top 10 | 798 | 77,48 | |
Aner Nationalitéiten | 232 | 22,52 |
Op der Grenz tëschent der Uewerstad an dem Gronn, op engem vun deenen zwéi Aaschterte vun der Corniche, op der Héicht vun der Maison de Cassal, gouf 1980 eng Wanzenaart fonnt, déi nei fir d'Wëssenschaft war. Den Entdecker, de Léopold Reichling, huet se ënner dem Numm Psallus pseudoplatani Reichling 1984 beschriwwen. De Reegele vun der Zoologie no war dëse Bam de sougenannte locus typicus vun der Aart. Zanter dem Verschwanne vun de Beem existéiert dëse locus typicus net méi. An deene follgende Jore gouf d'Aart op Aaschterten an Hieselter uechter d'Stad fonnt, ë. a. op der Rumm am Gronn[20].
1993 huet déi polnesch Zoologin Wanda Maria Weiner no bei der Uelzecht am Gronn eng nei Proturenaart (Beentaaschter) fir d'Wëssenschaft fonnt, Eosentomon luxembourgense Szeptycki 2001, eng endeemesch Aart fir Lëtzebuerg.
Am Kader vum Programm fir den Asaz vun erneierbaren Energien huet d'Stad Lëtzebuerg op der Hasteschmillen en 100 kW staarkt Waasserkraaftwierk gebaut, wat am November 2009 a Betrib goung. D'Turbinn steet iwwregens do, wou am 19. Joerhonnert nach Millerieder gedréit hunn, an deckt den Energieverbrauch vun 100 Haiser.
De Kéibierg (Tréierer Strooss) ass tëschent den Haiser Nr. 10 an 48 nëmme fir den ëffentleche Verkéier a fir Vëloen zougänglech.
D'Vëlospist PC1, och nach Piste cyclable du centre, féiert an engem Bou ëm d'Stad Lëtzebuerg an huet hiren Ufank an hir Endstatioun am Gronn.
Um Biisserwee Nummer 8 bedreift d'Stad Lëtzebuerg ënnert dem Numm Vélo en Ville e Vëlosatelier, dee Vëloe léint a fléckt[21].
An der Tilleschgaass Nr. 15 huet sech zënter 2019 déi Vëlosreesagentur Velosophie néiergelooss[22].
D'Buslinn 23 vun der Stad Lëtzebuerg passéiert am Gronn. Do dernieft besteet no beim Gronn Accès op follgend Linnen:
Nieft den net iwwerdeckte Parkinge kann och nach a follgende Stroosse geparkt ginn: Grënnerbierg, Ënnerpéitruss. Zwéin iwwerdeckt Parkinge leien no beim Gronn: Centre - Saint Esprit (Uewerstad) an Centre - Brasserie (Clausen).
Strooss, Plaz | Parkplazen | Handikapéierte-Parkplazen |
---|---|---|
Ënnerpéitruss / Rue Saint-Quirin | 33 | ? |
Tilleschgaass / Rue Saint-Ulric | 32 | ? |
Grënner Bréck / Rue Munster | 5 | 1 |
Rue Sosthène-Weis | 2 | 0 |
Biisserwee / Bisserweg | 12 | ? |
Biisserwee / Bisserweg | 45 | ? |
Kierch Lëtzebuerg-Stadgronn | ? | 1 |
Op der Rumm | ? | ? |
Franséischen Numm | Lëtzebuergeschen Numm[23] |
---|---|
Bisserweg | Biisserwee |
Montée de la Pétrusse | Péitrussbierg; Ale Berlinerwee[24] |
Montée du Grund | Grënnerbierg; Gronnbierg |
Plateau du Rham | Op der Rumm |
Rue de Prague | Berlinerwee |
Rue de Trèves | Tréierer Strooss; Kéibierg[25] |
Rue du Rham | Dinselgaass; Rummbierg |
Rue Münster | Mënstergässel; Schelmergaass[26] |
Rue Plaetis[27] | Plaetisgaass |
Rue Saint-Quirin | Ënnerpéitruss |
Rue Saint-Ulric | Tilleschgaass |
Rue Sosthène-Weis | Sosthène-Weis-Strooss; Neie Wee |
Franséischen Numm | Lëtzebuergeschen Numm |
---|---|
Place Auguste-Engel | Auguste-Engel-Plaz, fréier: Bei der Hasteschmillen |
n.a. | Op der Schmëdd |
Parvis de Neumünster | Parvis vun Neimënster |
Commons: Gronn (Stad Lëtzebuerg) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.