![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/0/09/Stolperstein_Robert_Remak%252C_Berlin_02.jpg/640px-Stolperstein_Robert_Remak%252C_Berlin_02.jpg&w=640&q=50)
Stolpersteine
From Wikipedia, the free encyclopedia
Stolpersteine ass e Projet vum däitsche Kënschtler Gunter Demnig. Et si kleng Commemoratiounsplacken, déi u Leit erënneren, déi an der Zäit vum Nationalsozialismus ermuert, deportéiert, verdriwwen oder an de Suizid gedriwwe goufen. D'„Stolpersteine“ si bëtongs Wierfele vun 10 cm Längt. Uewendrop ass eng messengs Plack, wourop den Affer hiren Numm agravéiert ass, sou wéi och de Joergang, a markant Statioune vun hirem Liewen. Si gi wéi Paweesteng do, wou déi Leit fir d'lescht fräi gewunnt hunn, ier se „ofgeholl“ goufen, an de Buedem gesat.
Dem Demnig seng Motivatioun ass et, den Affer vum Nationalsozialismus, déi an de Konzentratiounslageren zu Nummeren degradéiert goufen, hir Identitéit erëmzeginn. Och kréien sou déi abstrakt Zuele vu Millioune vun Doudegen duerch eenzel, individuell Schicksaler eng konkreet Bedeitung. Datt ee sech muss bécken, fir d'Steng kënnen ze liesen, soll och e symbolescht Vernäipe virun den Affer sinn. Well d'Steng dezentral, matzen a Wunngebidder sinn, maache s'och däitlech, datt d'Affer Leit aus der Mëtt vun der Bevëlkerung waren. Anescht wéi 'zentral' Commemoratiounsplazen kann een hinnen net sou einfach aus de Féiss goen[1].
D'Steng leie riicht am Buedem, soudatt d'„Trëllen“ ((de)Stolperen) symbolesch gemengt ass: Den Demnig zitéiert dacks e Schüler dee sot, et géif een net fir richteg drun hänkebleiwen a sech vertrëppelen, mä „mam Kapp a mam Häerz“[2].
Den 29. Dezember 2019 gouf de 75.000. Steen zu Memmingen geluecht[3]. Et gëtt d'„Stolpersteine“ virun allem an Däitschland, ma och an der Belsch, an Éisträich, Finnland, Frankräich, Griicheland, Italien, Kroatien, Lettland, zu Lëtzebuerg, a Litauen, Holland, Norwegen, Polen, an der Republik Moldau, a Rumänien, Russland, der Schwäiz, der Slowakei, a Slowenien, Spuenien, Tschechien, der Ukrain an an Ungarn. Zanter 2017 gëtt et och eng Stolperschwelle an Argentinien. Fir 2020 sinn déi éischt Steng a Schweden an Dänemark virgesinn[4].
Pro Joer kommen ongeféier 440 nei Steng bäi[5]. Si ginn haut meeschtens op Demande vun enger Associatioun, oder der Famill vun den Affer, gemaach, nodeem deenen hir perséinlech Donnéeë recherchéiert goufen. Finanzéiert gi se duerch Privatdonen[6].