Monumenter vum Zweete Weltkrich zu Lëtzebuerg (E)
From Wikipedia, the free encyclopedia
Dëst ass eng Lëscht vun de Monumenter, déi zu Lëtzebuerg un den Zweete Weltkrich erënneren.
Bis ewell goufen am Ganze 544 sou Monumenter repertoriéiert.
78 % vun alle Monumenter erënneren u lëtzebuergesch Krichsaffer. Vun 1945 bis an d'1970er goufe praktesch an all Gemeng sou Monumenter, meeschtens no bei der Kierch oder dem Kierfecht, opgeriicht. Et gouf an deene meeschte Fäll keen Ënnerscheed gemaach tëscht Zivilaffer, Zwangsrekrutéiert, déi an däitscher Uniform op der Front gefall sinn, Refractairen, oder Resistenzler.
1994/95, fir de 50. Anniversaire vun der Ardennenoffensiv, sinn eng Rëtsch Monumenter derbäikomm. Well et där och an der Belsch an eventuell an Däitschland gëtt, a fir se méi séier ze fannen, gëtt et dofir eng Lëscht iwwer Monumenter vun der Ardennenoffensiv. All Monument am Zesummenhank mat der Ardennenoffensiv soll deemno och an där Lëscht agedroe ginn.
Monumenter fir déi alliéiert Zaldote spigelen d'Krichsgeschéien erëm: Sou si Monumenter fir franséisch Zaldoten, dorënner och algeeresch a marokkanesch Spahis, laanscht d'franséisch Grenz ze fannen, wärend déi fir amerikanescher virun allem am Osten an am Norde vum Land, dacks op der Plaz vu Kämpf wärend der Ardennenoffensiv, opgeriicht goufen.
Well eng eenzeg Lëscht ze grouss wier gouf s'alphabetesch den Uertschaften no opgedeelt. D'Navigatiounsläischt hei drënner leet Iech weider op d'Deellëschten.
Numm | Plaz | Uertschaft | Ageweit | Koordinaten | Bild |
---|---|---|---|---|---|
Monument aux morts: A nos morts 1940 - 1945 | nieft der Kapell | Éimereng | 49° 29’ 12.4’’ N 6° 17’ 25.8’’ O | ||
Monument aux morts: A nos martyrs 1940 - 1945 a Plack mat 5 Nimm | beim Agank vum Kierfecht | Éinen | Okt. 1967 | 49° 35’ 57.1’’ N 6° 15’ 37.1’’ O | |
Erënnerungsplack '1939 - 1945' | um Kierfecht | Éiter | 49° 35’ 57.1’’ N 6° 15’ 37.1’’ O | ||
Plack Pont de la Libération | bei der Bréck iwwer d'Eisebunn op der N28 | Éiter | 2004 | 49° 35’ 58.88’’ N 6° 15’ 29.77’’ O | |
Monument aux morts: A nos morts 1940 - 1945 | beim Agank vun der Kierch | Elleng | 49° 31’ 14.2’’ N 6° 17’ 49.3’’ O | ||
Gedenksteen 'Eise Krichsaffer 1940-1945' | Plaz vun der Resistenz | Elveng | 49° 30’ 19.94’’ N 6° 18’ 54.43’’ O | ||
Gedenkplack fir d'Zwangsrekrutéiert | an der Kierch | Elveng | 49° 30’ 20.15’’ N 6° 18’ 54.4’’ O | ||
Monument aux morts | Gemengeplaz | Ëlwen | |||
Erënnerungsplack 26th Infantry Division | Eschduerf | ||||
Memorial Lt Robert H. Sovern | vis-à-vis vun der Kapell | Éischt | 49° 49’ 22.8’’ N 5° 53’ 12.37’’ O | ||
Erënnerungsplack Resistenz 1940-1945. Text: Mir hunn a schwe'rer Zeit Trei bekannt 't gong fir d'Freihet an et gong fir d'Land | an enger Muttergottesgrott | Eppelduerf | 49° 50’ 06.36’’ N 6° 14’ 50.28’’ O | ||
US-Monument | an der Entrée vun der Kierch | Eschweiler | |||
Erënnerungsplack fir dräi gefale Jongen aus dem Duerf | an der Entrée vun der Kierch | Eschweiler (Wolz) | |||
Monument fir den Zaldot Mergenthaler | an der Entrée vun der Kierch | Eschweiler (Wolz) | |||
Monument mat Plack fir de Leitnant Jesse P. Sweat an an de Kaperol Leonard A. Deluga | ëstlech vum Duerf um CR325
bei der Kräizung mam CR324 |
Eschweiler (Wolz) | 49° 59’ 34.66’’ N 5° 57’ 54.94’’ O |
||
Monument George Mergenthaler | Eschweiler | ||||
Monument aux morts: A la mémoire des Eschois morts pour la Patrie an 13 Nimm | beim Agank vun der Kierch | Esch-Sauer | 1946 | 49° 54’ 40.8’’ N 5° 56’ 5.4’’ O | |
Monument Aarbechts-Affer | Grenzer Kierch | Esch-Uelzecht | 1953 | 49° 29’ 28.03’’ N 5° 58’ 36.88’’ O | |
Monument du souvenir religieux | Grenzer Kierch | Esch-Uelzecht | 1947 | 49° 29’ 28.03’’ N 5° 58’ 36.88’’ O | |
Monument du souvenir religieux | Paterkierch Esch-Uelzecht | Esch-Uelzecht | 1986 | ||
Monument aux morts Fola | Gaalgebierg am Stade Émile-Mayrisch | Esch-Uelzecht | 1947 | 49° 29’ 34.82’’ N 5° 59’ 22.23’’ O | |
UdSSR-Monument | Lallenger Kierfecht | Esch-Uelzecht | 1957 | 49° 30’ 43.42’’ N 05° 59’ 15.14’’ O | |
Krichsmonument | Jongelycée | Esch-Uelzecht | 1965 | 49° 29’ 57.46’’ N 05° 58’ 56.82’’ O | |
Resistenzler-Monument Eisekaul | Bunker Eisekaul spéider um Gaalgebierg, beim Camping | Esch-Uelzecht | 1965 ? | ||
Erënnerungsplack am Lycée Hubert-Clément | Lycée Hubert-Clément | Esch-Uelzecht | 1982 | ||
Streik-Monument | Lalleng | Esch-Uelzecht | 1985 | ||
Mémorial de la déportation juive | Place de la Synagogue | Esch-Uelzecht | 2005 | 49° 29’ 43.63’’ N 05° 58’ 51.14’’ O | |
Chapelle Notre-Dame de la Résistance | Grenzer Kierch | Esch-Uelzecht | 1982 | 49° 29’ 28.03’’ N 5° 58’ 36.88’’ O | |
Monument fir d'Befreiung duerch d'US-Arméi | Place Grobierchen, Lëtzebuergerstroooss | Esch-Uelzecht | 1974 | 49° 29’ 55.68’’ N 05° 59’ 10.09’’ O | |
Kenotaph an der Entréeshal vum Nationale Resistenzmusée | Place de la Résistance | Esch-Uelzecht | 1956 | 49° 29’ 32.51’’ N 05° 58’ 34.06’’ O | |
Maquisarde-Monument | an der Entréeshal vum Nationale Resistenzmusée, Place de la Résistance | Esch-Uelzecht | 1999 | ||
Monument Jeunesse sacrifiée | Place des Sacrifiés | Esch-Uelzecht | 1987 | 49° 30’ 0.91’’ N 05° 58’ 38.85’’ O | |
Passeurs-Monument | Lavals-Park | Esch-Uelzecht | 1981 | 49° 29’ 54.98’’ N 05° 58’ 40.11’’ O | |
Gediechtneskapell Jousefskierch Esch-Uelzecht | Jousefskierch | Esch-Uelzecht | 1947 | 49° 29’ 51.55’’ N 05° 58’ 56.88’’ O | |
Monument des Mineurs Kazebierg | Minière Kazebierg | Esch-Uelzecht | |||
Erënnerungsplack Ed Barbel | Nationale Resistenzmusée | Esch-Uelzecht | 1995 | ||
Monument Antoine Diederich | rue Antoine Diederich | Esch-Uelzecht | 2002 | 49° 30’ 37.33’’ N 05° 59’ 41.21’’ O | |
Monument pour les enrôlés de force | Place des Sacrifiés | Esch-Uelzecht | 1988 | ||
31 Stolpersteine | 31 Stolpersteng op 10 verschiddene Plazen[1] | Esch-Uelzecht | 22. Okt. 2013 23. Abr. 2021 | ||
Erënnerung un d'Affer vum II. Weltkrich a besonnesch un d'Jongen aus der Léierbud vu Belval, déi nom Generalstreik 1942 hei verhaft gi sinn | um Site Arbed Esch-Belval, beim Portal II | Esch-Uelzecht | 49° 30’ 22.8’’ N 05° 57’ 22.7’’ O | ||
Gedenkplack Pierre Ponath | Place Pierre Ponath | Esch-Uelzecht | 2015 | ||
Monument aux morts: Well dir stark wart durfe mir frei liewen 1940-1945 | Plaz laanscht d'Kierch | Ettelbréck | 1951 | 49° 50’ 46.4’’ N 6° 06’ 02.3’’ O | |
Monument aux morts: A la mémoire de nos camarades Enrôlés de force 1940-1945 Morts pour la patrie | Um Ettelbrécker Kierfecht | Ettelbréck | 1968 | 49° 50’ 22.0’’ N 6° 05’ 58.7’’ O | |
Patton-Monument | Square Patton | Ettelbréck | 49° 51’ 05.75’’ N 06° 06’ 37.51’’ O | ||
Erënnerungsplack Colonel Lansing McVickar | Rond-Point Colonel L. McVickar | Ettelbréck | 49° 50’ 39.90’’ N 06° 05’ 55.50’’ O | ||
Stolperschwelle | Foussgängerzon, Grand-Rue | Ettelbréck | 25. Jan. 2013 |