Paterskierch Esch-Uelzecht
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Kierch St. Henri vun Esch-Uelzecht, am Volleksmond Paterskierch genannt, ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Esch-Uelzecht Sainte-Famille an zu der Gemeng Esch-Uelzecht gehéiert.
Méi Informatiounen PaterskierchEsch-Uelzecht, Par ...
| ||||
---|---|---|---|---|
D'Kierch St. Henri | ||||
Uertschaft / Plaz | Esch-Uelzecht | |||
Par | Par Esch-Uelzecht Sainte-Famille | |||
Dekanat | Süden-West | |||
Numm / Patréiner | Hl. Henri | |||
Konsekratioun | 1923 | |||
Architekt(en) | H. Gross | |||
Baujoer | 1922-1923 | |||
Koordinaten | 49° 30’ 02.5’’ N 05° 58’ 30.1’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
Zoumaachen
D'Kierch steet am Quartier "Bruch" op der Franziskanerplaz, déi vun der rue de Belvaux, der rue des Franciscains, der rue Michel-Rodange an der rue Saint-Henri ëmginn ass. Den Haaptagank vun der Kierch ass an der rue Saint-Henri.
De Patréiner vun der Kierch ass den hellegen Henri, deem säi Fest den 13. Juli gefeiert gëtt.
Zur fréierer Par Esch St. Henri gehéiert ausser der Paterskierch och nach d'Kapell am Quartier Raemerech.