kathoulesch Kierch From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Kierch zu Esch-Sauer ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Öewersauer Saint-Pirmin, zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Esch-Sauer gehéiert.
| ||||
---|---|---|---|---|
Parkierch vun Esch-Sauer (2015) | ||||
Uertschaft / Plaz | Esch-Sauer | |||
Par | Öewersauer Saint-Pirmin | |||
Dekanat | Norden | |||
Numm / Patréiner | Mariä Gebuert | |||
Baujoer | 1757 | |||
Koordinaten | 49° 54’ 40.3’’ N 05° 56’ 05.4’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
D'Kierch ass der Gebuert vun der Muttergottes Maria geweit. D'Fest gëtt den 8. September gefeiert.
Se steet an der Kierchestrooss net wäit vun der Buergruin.
Den 11. Januar 2024 gouf s'als nationale Kulturpatrimoine klasséiert[1]
D'Par Esch-Sauer war am Joer 1803 entstanen. Virdrun huet d'Uertschaft zur Par Eschduerf gehéiert.
Bis de 7. Mee 2017 war d'Kierch vun Esch-Sauer och d'Parkierch vun der Par Esch-Sauer. Zur fréierer Par Esch-Sauer huet ausser der Parkierch vun Esch-Sauer och nach d'Kräizkapell, déi um Kierfecht steet, an d'Schlasskapell vun der Buerg Esch-Sauer gehéiert.
D'Kierch ass 1757 op méi ale Fëllementer nei opgebaut ginn. Den Tuerm ass vun 1806.
De barocken Héichaltor ass an der Abtei Orval entstan. An der zentraler Nisch vum Altor iwwer dem Dréitabernakel steet zanter 1779 eng Consolatrix-Statu. Déi barock Immaculata-Statu, déi fréier do stoung, steet elo ganz uewen um Altor. Et handelt sech dobäi ëm eng sougenannt "franziskanesch Moundséchelmadonna".
An der Kierch steet och nach eng Statu vun der helleger Katharina vun Alexandrien déi ëm 1780 vum Ettelbrécker Sculpteur Michel Weiler geschnëtzt gouf. Dës Helleg war fréier d'Patréinesch vun der Kierch.
D'Uergel ass aus dem Joer 1901 a gouf vun der Uergelmanufaktur Bridder Müller vu Reifferscheid gebaut. Zanter dem 7. Dezember 2001 ass se als Monument national klasséiert.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Uergel Kierch Esch-Sauer.
Commons: Kierch Esch-Sauer – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.