Square Patton
Commemoratiounsplaz fir den George S. Patton zu Ettelbréck / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Patton Square ass eng kleng Plaz, déi zu Ettelbréck am Grénge läit, un der Haaptstrooss fir op Dikrech. Si gouf sou zu Éiere vum Generol George S. Patton jr, genannt, well et war hien dee mat sengen Truppen Ettelbréck de 25. Dezember 1944[1] no der Ardennenoffensiv liberéiert huet.
Séier Fakten Typ, Land ...
De Patton Square mam Monument, dem Panzer an der Statu. | |
Typ |
Square, Monument |
---|---|
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Ettelbréck |
Koordinaten | 49°51'5,472"N, 6°6'37,339"O |
Ageweit | 16. Mee 1954 |
Zu Éiere vun | George S. Patton |
Zoumaachen
Bis haut ass op där Plaz all Joer eng Commemoratiounsfeier, fir un hien an déi vill amerikanesch Zaldoten z'erënneren, déi dobäi hiert Liewe gelooss hunn.