From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Juno (oder Jupiter Polar Orbiter) ass eng Raumsond vun der NASA, déi de Gasplanéit Jupiter aus enger polarer Ëmlafbunn wärend engem Joer studéiert huet.
Raumsond Juno | |
---|---|
Missioun | Erfuerschung vum Jupiter |
COSPAR-Bezeechnung | 2011-040A |
Drorakéit | Atlas V |
Optrag vun der | NASA |
Startmass | 3625 kg |
Start an Enn | 5. August 2011 –Februar 2018 |
Startplaz | Cape Canaveral LC-41 |
Si ass de 5. August 2011 gestart ginn an ass de 4. Juli 2016 beim Jupiter ukomm. D'Juno ass no New Horizons déi zweet Raumsond vum New-Frontiers-Programm vun der NASA. . Am Géigesaz zu fréiere Raumsonden, déi op de Planéit Jupiter geflu sinn, huet Juno keng nuklear Energieversuergung, mä generéiert den néidege Stroum duerch nei méi effizient a méi stralungsresistent Solarzellen.[1] Den Asaz ass méiglech, well d'Sond op hirer polarer Ëmlafbunn ëmmer fräi Siicht op d'Sonn huet. Ausserdeem ass d'Sond op dëser Bunn ëmmer baussenzeg vun der staarker Stralungsceinture vum Jupiter.
Den Numm vun der Sond staamt aus der griichesch-réimescher Mythologie. De Gott Jupiter huet sech ëmmer hannert engem Wollekewuel verstoppt, fir der ze stiichten, mä seng Fra, d'Gëttin Juno, konnt duerch d'Wolleke kucken an huet sou mattkritt, wat de Jupiter géif knätzelen. Op enger eelerer Lëscht vun den NASA-Ofkierzunge fënnt een och de Backronym „JUpiter Near-polar Orbiter“.[2]
De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen. |
D'Juno soll follgend Aufgabe maachen:
D'Juno ass déi éischt Sond op dëser grousser Distanz vun der Sonn, déi hir Energie nëmmen aus Solarzelle bezitt. Dofir gouf e ganz komplexe Szenario fir d'Ëmkreese vum Gasris erausgesicht. Et hu missen ënner anerem follgend Bedéngungen erfëllt ginn:
Duerch héichelliptesch polar Orbitte sollen déi Ziler erreecht ginn. Déi aggressiv Stralungsceinture vum Jupiter ass ongeféier torusfërmeg an ass equatorial wéi en onsiichtbare Schwammreef op enger bestëmmter Distanz, ëm de Planéit. D'Sond flitt bei all Ëmkreesung vum Planéit an Nord-Süd-Richtung tëscht dem Jupiter an der Stralungsceinture erduerch an ëmkreest uschléissend an engem grousse Bou d'Stralungsceinture vu baussen. D'Sond ass bei dësen Orbiten ni am Jupiterschiet, wat fir eng permanent Energieversuergung mat de Solarzellen entscheedend ass. Doriwwer eraus muss et keng permanent maximal Energieliwwerung ginn, well et pro Orbit eng Zäitfënster no beim Jupiter vu just e puer Stonne gëtt, an där Miessunge kënne gemaach ginn.[3] D'Missioun vun der Sond ass op ronn annerhalleft Joer ugeluecht a si soll 37 Jupiterëmkreesunge maachen.
Eng Rees bis bei d'Galiléiesch Mounden ass net méiglech, well d'Mounden an der staarker Stralungsceinture sinn. Do géif d'Stralung d'Solarzellen an d'Bordelektronik zerstéieren.
De Start vun der Sond war de 5. August 2011 um 16:25 UTC u Bord vun enger Atlas V(551) vum Cape Canaveral. Am Ufank war de Start fir de Juni 2010 geplangt.
Wärend de 5 Joer Fluch fir op de Jupiter huet d'Sond eis Sonn annerhallefmol ëmkreest a war am Oktober 2013 no laanscht eis Äerd geflunn. Dobäi huet si d'Schwéierkraaft vun der Äerd ausgenotzt fir e Swing-by-Manöver auszeféieren, an d'Vitess a Richtung Jupiter z'acceleréieren.
Nom Start gouf d'Sond op eng Bunn ëm d'Sonn geschéckt. Am August a September 2012 gouf et zwou Bunnkorrekturen. Déi éischt war den 30. August 2012. D'Leros-1b-Dreifwierk gouf fir 29 min 39 s gezünt, woubäi d'Vitess ëm 344 m/s verännert an 376 kg Dreifstoff verbraucht gouf. De 14. September 2012 gouf d'Dreifwierk nach eng Kéier fir 30 Minutte gezünt, woubäi weider 376 kg Dreifstoff verbraucht goufen an d'Vitess ëm 388 m/s verännert gouf. Doduerch koum d'Sond den 9. Oktober 2013 bis op 560 km un d'Äerd erun a gouf vun hir beim Swing-by-Manöver ëm 3,9 km/s acceleléiert an op de Wee zum Jupiter bruecht.
Fir déi méi reng Justéierung goufen zwou weider Bunnkorrekture gemaach. Déi eng war den 3. Februar an déi zweet den 31. Mee 2016.
D'Sond huet de Jupiter de 4. Juli 2016 erreecht[4] a bleift elo op engem staark elliptesche polaren Orbit.
D'Enn vun der Missioun ass fir de Februar 2018 virgesinn. D'Sond soll da kontrolléiert an d'Jupiteratmosphär falen.
Den Haaptkierper vum Juno ass e Prisma mat sechs Säiten. Jiddwer Säit huet ongeféier 2 m Kantelängt. Op dräi vun de sechs Säite si véierfach zesummeklappbar Solarmodule mat 8,9 m Längt[5] festgemaach. Dovu sinn zwéi Moduler komplett mat Solarzelle beluecht, dat drëtt nëmmen op dräi Felder, um véierten ass e Magnéitometer fesatgemaach. Bei allen dräi Solarmoduler ass dat bannenzegt Feld zirka 2 m breet. Déi baussenzeg sinn 2,65 m breet. D'Uewerfläch fir d'Sonneliicht opzefänken huet am Ganzen iwwer 60 m². Déi gëtt gebraucht, well d'Sonnenastralung beim Jupiter manner wéi 4 % géigeniwwer der Äerd entsprécht. D'Solarmoduler bréngen et um Missiounsenn nach op 435 Watt elektresch Energie.
Am Zentrum vum Juno-Haaptkierper ass eng Parabolantenn fir d'Kommunikatioun am X-Band mat der Äerd. Déi ass mat enger fir Radiowellen duerchlässeger Sonneschutzfolie ofgedeckt.[6] Duerch d'Parabolantenn leeft d'Rotatiounsachs vum Juno, fir d'Raumsond ze stabiliséieren. Der Juno hire Rotatiounskrees huet mat ausgeklappte Solarmoduler en Duerchmiesser vu méi wéi 20 m[7] an d'Startgewiicht war 3625 kg. Als Straleschutz fir d'Bordelektronik déngt eng Box aus Titanplacken déi een Zentimeter déck sinn, mat engem Totalgewiicht vun zirka 200 kg.[8]
D'Juno huet follgend siwen Instrumenter:
Der Juno hire Primärundriff fir den Deep-Space-Manöver souwéi fir d'Aschwenken an d'Jupiterëmlafbunn ass e Leros-1b-Dreifwierk mat engem Schub vu 645 N. D'Dreifstoffer sinn Hydrazin a Stéckstofftetroxid. D'Lagkontrollsystem ass monergol a benotzt Hydrazin. Et huet 12 Düsen, déi op véier Plazen um Haaptkierper ugemaach sinn.[10]
Als Erënnerung un den Entdecker vun de grousse Jupitermounden huet d'Juno eng Aluminiumplack mam Bild a mat enger handschrëftlecher Notiz vum Galileo Galilei souwéi dräi Lego-Figuren, déi de Galilei, de Jupiter a seng Fra Juno duerstellen, u Bord.[11]
Commons: Juno – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.