lëtzebuergesch Gemeng am Kanton Capellen From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Gemeng Käerjeng ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Capellen. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Nidderkäerjeng. D'Gemeng ass den 1. Januar 2012 aus der Fusioun vun de Gemengen Nidderkäerjeng a Kënzeg entstanen.
Käerjeng | |
---|---|
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Capellen |
Chef-lieu | Nidderkäerjeng |
Buergermeeschter | Michel Wolter (CSV) |
Awunner | 11.159 |
1. Januar 2024 | |
Fläch | 3.355,6044 ha[1] |
Héicht | 380 m |
Koordinaten | 49°35'1"N, 5°54'0"O |
LAU-Code | LU0104 |
Websäit | https://www.kaerjeng.lu/ |
Lag vun der Gemeng Käerjeng | |
D'Gemeng Käerjeng läit am Südweste vu Lëtzebuerg am Kanton Capellen.
Si mécht nërdlech d'Grenz mat Grass, enger Exklav vun der Gemeng Stengefort, a mat der Gemeng Garnech, am Oste leien d'Gemeng Dippech an d'Gemeng Suessem, am Süden d'Gemeng Déifferdeng an d'Gemeng Péiteng, an am Westen déi belsch Gemengen Éibeng, Miezeg an Arel.
Dat eelst Zeeche vun Awunner um Terrain vun der haiteger Gemeng Käerjeng gouf an den 1990er Joren entdeckt. Deemools gouf eng aristokratesch Grafkummer vu 4,3 op 4,2 Meter aus der Zäit vun de Gallier fonnt, déi op ongeféier 70 v. Chr. konnt datéiert ginn.[4]
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Grafkummer vu Kënzeg.
Kënzeg gouf fir d'éischt am 8. Joerhonnert an engem Dokument vum Karl Martell ernimmt.
Nidderkäerjeng gouf fir d'éischt de 4. Abrëll 1281 ernimmt, an engem Fräiheetsbréif vun de Béimer. Deemools war et mat Uewerkäerjeng, Lénger a Péiteng an der Hoheit Kerschen zesummegeschloss. Kënzeg krut seng Onofhängegkeet warscheinlech schonn 1260.
An der Zäit vum franséische Regime vum Directoire bis zum Enn vum Premier Empire war Käerjeng Haaptuert vun engem franséische Kanton am Département des Forêts. 1799 entsteet d'Mairie de Bascharage mat den Dierfer Nidderkäerjeng, Uewerkäerjeng a Lénger. Den éischte Buergermeeschter gouf 1800 de Pierre Clement[3].
Fir ze verhënneren datt d'Käerjenger Jongen ënner dem Napoleon an d'Arméi aberuff ginn, goufen ënner dem Pierre Clement all d'Jongen déi gebuer goufen als Meedercher agedroen. An den zwee Joer 1803 an 1804 goufe sou 16 Jongen zu Meedercher 'gemaach'. No zwee Joer gouf d'Gebuerteregëster fir d'éischt kontrolléiert an de Bedruch ass opgeflunn. De Pierre Clement an de Sekretär Nicolas Himbert hu sou hiert Mandat verluer. 1805 gouf de Pierre Clement allerdéngs erëmgewielt an ass nach bis 1816 Buergermeeschter bliwwen[5].
Den 18. Mee 2010 huet de Käerjenger Gemengerot, dee selwechten Dag wéi dee vun der Gemeng Kënzeg, engem Accord zu enger Fusioun tëscht den zwou Gemengen Nidderkäerjeng (mat Uewerkäerjeng a Lénger) a Kënzeg (mat Féngeg) zougestëmmt.[6] Bei engem Referendum, de 5. Dezember 2010 hunn an den zwou Gemengen eng Majoritéit vun de Wieler sech fir eng Fusioun ausgeschwat (58 % zu Nidderkäerjeng, 56,17 % zu Kënzeg).[7]
D'Fusioun gouf definitiv am Gesetz vum 24. Mee 2011 portant fusion des communes de Bascharage et de Clemency[8] festgehalen an ass den 1. Januar 2012 a Kraaft getrueden.
De Gemengerot setzt sech zanter 2017 aus 15 Conseilleren zesummen. Als Resultat vun de Gemengewale vum 11. Juni 2023 gëtt de Schäfferot vun enger Majoritéit vun CSV-LSAP gedroen.[9] Vun 2017 bis 2023 war dat eng CSV-déi gréng-Koalitioun.[10]
D'Majoritéitskoalitioun am Gemengerot ass fett geschriwwen
Quell: RTL.lu / elections.lu
Fréier Gemeng Kënzeg | |
1815/16-1830 | Pierre Decker |
1830-1832 | Henri Simon |
1832-1836 | Michel Schleimer |
1836-1861 | Michel Maximlien Joseph Tibesar[11] |
1861 Januar-Abrëll | Wilhelm Ernster |
1861-1867 | Jean Kirsch |
1867-1879 | Pierre Berens |
1879-1891 | Jean Kirsch |
1891-1912 | J.-B. Biver |
1912-1921 | Jean-Eugène Kirsch |
1921-1925 | J.-P- Schmitz |
1925-1933 | Nic Klein |
1933-1946 | Michel Schumacher |
1946-1957 | Joseph Jeitz[12] |
1957-1963 | Félix Heinen |
1964-1969 | Albert Kirsch |
1970-1975 | Antoine Hirtz |
1976-1981 | Marcel Hellbach |
1982-1984 | Guillaume Jeitz |
1985-1987 | Nicolas Ehleringer |
1987-1996 | Fred Reuter |
1997-2007 | Daniel Hautus |
2007-2011 | Jeannot Jeanpaul |
Fréier Gemeng Nidderkäerjeng | |
1800 - 1816 | Pierre Clement |
... | |
1844 - 1858 | Jean Wagner[11] |
1858 - 1893 | J.-Nic. Schumacher |
1894 - 1902 | Pierre Schütz |
1903 - 1917 | Jules Hemmer |
1918 - 1928 | Jean Peschong |
1929 - 1946 | Théophile Aubart |
1946 - 1957 | Nicolas Meyers |
1958 - 1987 | Robert Steichen |
1988 - 1990 | Marcel Gillen |
1990 - 1994 | André Siebenbour |
1994 - 1999 | Jos Thill |
1999 - 2007 | Jean Christophe |
2007 - 2010 | Jeannot Halsdorf |
2010 - 2011 | Michel Wolter |
D'Gemeng Käerjeng hat am Joer 2012 9.865 Awunner a war domat wat d'Awunner betrëfft, déi gréisst Gemeng am Kanton Capellen an déi aacht zu Lëtzebuerg.
D'Awunner sinn sou op déi 5 Uertschafte vun der Gemeng verdeelt:
Uertschaft | Awunner |
---|---|
Féngeg | 413 |
Kënzeg | 1832 |
Lénger | 567 |
Nidderkäerjeng | 5387 |
Uewerkäerjeng | 1657 |
Am Ganzen | 9865 |
72 % vun den Awunner vun der Gemeng Käerjeng hunn d'Lëtzebuerger Nationalitéit, 28 % vun der Bevëlkerung sinn Auslänner.
Mat 948 Awunner oder 9,6 % vun allen Awunner bilden d'Portugisen déi gréisst auslännesch Bevëlkerungsgrupp. Och 405 Fransousen (4,1 %), 389 Belsch (3,9 %) an 355 Italieener (3,6 %) wunnen zu Käerjeng.
Bal 10 % vun den Awunner vun der Gemeng wunnen eleng an der Avenue de Luxembourg, der Haaptstrooss vun Nidderkäerjeng.
An der Gemeng Käerjeng ass d'Zone d'activité économique Robert Steichen ugesidelt. Do hu sech am Laf vun der Zäit eng Partie grouss Betriber, wéi Delphi, Luxguard an General Motors néiergelooss. Zanter 2006 ass och den italieenesche Fabrikant vu Kichenartikelen Tontarelli zu Käerjeng vertrueden. Am selwechte Joer huet awer d'Entreprise TDK hir Dieren zougemaach, mä zanter 2012 produzéiert de Groussbäcker Pains & Tradition an engem Deel vun de fréieren Hale vun der TDK seng Wueren.
D'Brasserie Nationale huet zu Käerjeng hire Sëtz. Do ginn d'Béiermarke Bofferding a Battin produzéiert.
D'Bus- a Reesgesellschaft Sales-Lentz ass aus der fréierer Busentreprise Josy Lenz ervirgaangen an hat sech am Ufank um fréiere Bauerenhaff vum Josy Lentz ongeféier do wou haut de Smatch an der Rue de la Résistance ass etabléiert. Wéi se mat der Zäit méi grouss gouf, ass se aus dem Zentrum an d'Industriezon geplënnert.
Duerch Nidderkäerjeng leeft d'N5, déi do Avenue de Luxembourg heescht an déi Käerjeng mat Péiteng a mat der Stad verbënnt. Iwwer Käerjenger Terrain leeft och d'Collectrice du Sud.
D'Gemeng Käerjeng ass un d'RGTR, TICE an TEC-Busnetz ugeschloss.
Op Käerjenger Buedem läit och d'Gare Nidderkäerjeng-Suessem un der Linn 70, déi Péiteng an d'Stad matenee verbënnt. Och d'Eisebunnsstreck Péiteng-Ettelbréck (Atertlinn) ass bis 1967 duerch Uewerkäerjeng a Kënzeg gelaf. Déi fréier Gare vun Uewerkäerjeng, vun där just nach Ruinen iwwereg waren, gouf 2011 ofgerappt, an der aler Gare vu Kënzeg ass haut e Café mat Versammlungsraim fir Veräiner.
Do wou fréier d'Atertlinn verlaf ass, ass haut d'Vëlospist PC12.
D'Gemeng Käerjeng ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:
|
Dat klengt Kënzeger Schlass gouf 1665 am Renaissance-Stil vum Johann Ferdinand vu Blanchard gebaut a fofzeg Joer méi spéit dem Barock-Stil vun der Zäit ugepasst. Och am 18. Joerhonnert goufe nach Verännerunge virgeholl. An de leschte Jore stoung d'Gebai laang eidel, mä 2009 gouf et ëmfaassend renovéiert.
Commons: Käerjeng – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.