herrschaftlecht Gebai zu Kënzeg From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Schlass vu Kënzeg ass en herrschaftlecht Gebai am Renaissancestil zu Kënzeg. Et ass aus dem 17. Joerhonnert a gouf 2009 renovéiert[1].
Kënzeger Schlass | |
Land | Lëtzebuerg |
---|---|
Gemeng | Käerjeng |
Plaz | Kënzeg |
Koordinaten | 49°35'53,3"N, 5°52'27,3"O |
Baustil |
Renaissance, Barock |
Statut | Klasséiert Monument (SSMN) |
Datum vum Bau | 1665 |
Proprietär | Pascal Zimmer |
Zweck | Wunneng |
D'Schlass gouf 1665 vum Här vu Kënzeg, dem Johann Ferdinand von Blanchard, baue gelooss. Dobäi gouf en Deel vum Baumaterial vun der Ruin vun engem méi ale Schlass geholl, dat eng 30 Meter niewendru stoung. Fofzeg Joer drop gouf et, nom Goût vun der Zäit, am Barockstil ëmgebaut.
Nodeems e gewësse von Lanser d'Gebai kaaft hat, gouf et 1721 op en Neits ëmgebaut. 1982 huet de Jean Weis et kaaft a bis 2004 dra gewunnt[2].
Den 21. Dezember 2007 gouf et als nationaalt Monument klasséiert, an 2009 waren ëmfangräich Restauréierungsaarbechten ofgeschloss. Zanter dem Summer 2020 ass d'Schlass eng Maison d'hôtes mat 5 Zëmmeren[3].
Commons: Schlass Kënzeg – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.