lëtzebuergesche Politiker From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Nicolas Margue, gebuer den 2. Januar 1888 zu Féngeg, a gestuerwen den 18. Mäerz 1976 an der Stad Lëtzebuerg[1], war e lëtzebuergesche Professer a Politiker (CSV).
Nicolas Margue | |
---|---|
Gebuer |
2. Januar 1888 Féngeg |
Gestuerwen |
18. Mäerz 1976 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun | Athénée de Luxembourg |
Aktivitéit | Politiker |
Partei | CSV |
Famill | |
Kanner | Paul Margue, Georges Margue |
Vun 1937 bis zur däitscher Invasioun 1940, an dunn nees vun 1945 bis 1948 war hie Landwirtschafts- an Erzéiungsminister. Hie war deen eenzege Minister, deen den 10. Mee 1940 net zur Zäit iwwer d'Grenz koum. Géint 3:30 Auer moies fréi ass en a Richtung belsch Grenz gefuer. Et war ze spéit, hie koum net méi duerch. Well den Okkupant hien als däitschfeindlech betruecht huet, gouf déi ganz Famill a Schlesien, fir d'éischt op Leubus, an duerno op Boberstein ëmgesidelt, an ee vu senge Jongen, de Paul Margue, gouf an de Reichsarbeitsdienst (RAD) agezunn.
Nom Krich war den Nicolas Margue, zesumme mam Jean Feltes, ee vun de "Pappe" vun der kontroverséierter Offizieller Lëtzebuerger Orthographie.
Vun 1945 bis 1972 war hie President vun der Section historique vum Institut grand-ducal.
Hie war vun 1952 u Lëtzebuerger Member vun der Assemblée commune vun der CECA an huet sech do staark fir d'Erhalung vum Sëtz vum Schumanplang zu Lëtzebuerg agesat. Den Nicolas Margue war och Member vum Aktiounskommittee fir d'Vereenegt Staate vun Europa, deen 1955 vum Jean Monnet gegrënnt gouf.
De 4. August 1959 gouf den Nicolas Margue als Member vum Staatsrot nominéiert an ass dat bis zu senger Demissioun den 30. September 1970 bliwwen.[2]
D'Stad Lëtzebuerg an d'Gemeng Käerjeng hu Stroossen nom Nicolas Margue genannt.
Den Nicolas Margue war de Papp vum Georges a vum Paul Margue. Seng Urenkelin ass d'Ministesch Elisabeth Margue.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.